Schi AlpinGoggia kréint Dram-Comeback an der Descente

RTL Lëtzebuerg
D'Italienerin Sofia Goggia huet sech zu Lake Louis mat enger furiéiser Descente no hirer Verletzungspaus zeréckgemellt.
© AFP

Dem Sofia Goggia ass e Freideg den Owend beim Weltcup zu Lake Louis a Kanada an der Descente eng perfekt Course gelongen. Vun uewe bis ënnen ass d’Descente-Weltcup-Gewënnerin vun der leschter Saison quasi komplett Top-Speed gefuer an huet sech esou kloer virun hire Konkurrentinne behaapt. Um Podium stoungen nach D’Breezy Johnson aus den USA an d’Mirjam Puchner aus Éisträich. Si haten e Retard vun 1,47 respektiv 1,54 Sekonnen.

D’Häre sinn iwwerdeems de Weekend zu Beaver Creek am Asaz. Hei huet sech e Freideg den Norweger Aleksander Aamodt Kilde d’Victoire am Super-G geséchert. Um Podium stoungen nach de Schwäizer Marco Odermatt an den US-Amerikaner Travis Ganong. Si haten e Retard vun 3 respektiv 37 Honnertstel.

Back to Top
CIM LOGO