WantersportGold am Biathlon fir d'Öberg, am Schi Alpin fir d'Tviberg an de Schmid

RTL Lëtzebuerg
Och e Mëttwoch goung et am Biathlon an am Schi-Alpin nees ëm d'Medaillen.
© AFP

Op der Biathlon-WM bei den Dammen, beim Eenzel-Rennen, konnt sech d’Anna Öberg mat engem Feeler beim Schéissen virun hirer schwedescher Landsfra Linn Persson duerchsetzen. D’Öberg huet fir de Parcours vu 15 Kilometer 43 Minutten, 36 Sekonnen an 10 Honnertstel gebraucht a war domadder knapp 10 Sekonne méi séier, wéi d’Persson. D’Bronzemedaile goung vun d’Lisa Vittozzi aus Italien, déi 28 Sekonne méi lues war.

Am Parallel beim Schi-Alpin bei den Dammen hat d’Norwegerin Maria Therese Tviberg d’Nues vir. Si konnt sech virum Wendy Holdener aus der Schwäiz an der zweeter Norwegerin Thea Louise Stjernesund behaapten. An der selwechter Disziplin bei den Häre war d’Goldmedaill fir den Däitsche Alexander Schmid, Sëlwer goung un den Dominik Raschner aus Éisträich a Bronze war fir den Timon Haugan aus Norwegen.

Back to Top
CIM LOGO