
Op der Weltmeeschterschaft am Schi Alpin zu Méribel a Frankräich gouf et am Super-G bei den Dammen e Mëttwoch eng Victoire vum Marta Bassino. D‘Italienerin konnt sech virum Mikaela Shiffrin aus den USA duerchsetzen. D’Plaz 3 deele sech d’Éisträicherin Cornelia Hütter an d’Kajsa Vickhoff Lie aus Norwegen.
Fir den Optakt vun der Biathlon-WM zu Oberhof an Däitschland wënnt Norwegen e Mëttwoch Gold an der Mixed-Staffel. Sëlwer geet un Italien a Frankräich koum op déi drëtte Plaz. D’Norweger hate mam Johannes Thingnes Bø, Sturla Holm Laegreid, Marte Olsbu Røiseland an Ingrid Landmark Tandrevold déi beschte Staffel um Depart.