
De Marco Odermatt huet Descente op der Piste “L’Éclipse” zu Courchevel fir sech entscheet. No enger beandrockender Leeschtung gewënnt de Schwäizer mat engem Virsprong vun 0.48 Sekonne virum absoluttem Top Favorit Aleksander Aamodt Kilde aus Norwegen Gold. Et ass dem Odermatt seng 1. Goldmedaile bei enger WM.
Mat engem Réckstand vun +0.89 Sekonnen ob de Marco Odermatt fiert mam Cameron Alexander nom Super-G-Gold von James Crawford e weidere Kanadier bei den aktuelle Weltmeeschterschaften op de Podium. Fir de 25 Joer jonken Athlet ass et bis ewell de gréissten Erfolleg a senger Karriär.