
No der Bronzemedail am Summer bei der Weltmeeschterschaft am Bouschéissen zu Berlin hu sech d’Maryia Shkolna an de Gilles Seywert déi nächst Medail bei enger internationaler Competitioun geséchert.
E Freideg den Owend ass et fir déi Lëtzebuerger Koppel an der Finall am Compound Mixed Team ëm Gold gaangen. Um Enn gouf et eng knapp 85:84-Victoire géint eng Koppel aus Kroatien. Domadder kënne sech d’Lëtzebuerger iwwert d’Goldmedail freeën.