
An der Final hu sech Shkolna-Seywert mat 157 op 154 géint eng Koppel aus Groussbritannien duerchgesat.
Am Eenzel war et d’Sëlwermedail fir d’Mariya Shkolna. De Gilles Seywert kënnt um Enn op déi 9. Plaz. Dat ass awer net duergaange fir sech fir d’Europaspiller am Juni zu Krakau ze qualifizéieren. Just de Gewënner krut iwwert dee Wee nach en Ticket fir an Polen dobäi ze sinn.
Viru 4 Joer hat de Seywert nach d’Sëlwermedail op den Europaspiller zu Minsk gewonnen.