Traureg Nouvelle am FuttballGolkipp Glenn Marques da Costa mat 25 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Ganz onerwaart ass de Golkipp vum FC Jonglënster, de Glenn Marques da Costa, am Alter vu 25 Joer gestuerwen.
© FC Jonglënster

De jonke Sportler war virdrun zu Hueschtert a bis zejoert beim US Munneref am Asaz, war also och an der BGL Ligue mat dobäi. Am ganzen stoung hien 42 Mol an der ieweschter Divisioun am Gol. Dës Saison hat hien zu Jonglënster an der Éierepromotioun gespillt.

Back to Top
CIM LOGO