Skandal am belsche FuttballGoufe Matcher fir deier Auere manipuléiert?

RTL Lëtzebuerg
De fréiere President vum Standard vu Léck an zwee fréier Spiller hunn eng Plainte géint den RSC Anderlecht a den RC Genk gemaach.

D‘Belsch Press huet en Dënschdeg iwwer manipuléiert Matcher an hirem Futtball-Championnat op héchstem Niveau bericht, déi op d‘Saison 2013-2014 zeréckginn. De fréiere President vum Standard Léck Roland Duchâtelet an zwee fréier Spiller vun de Rouches hunn eng Plainte géint Anderlecht a géint den RC Genk gemaach.

De fréiere President vum Standard ënnerstellt zwee Spiller vun Anderlecht a vu Genk, Géigner an der Lutte ëm de Championstitel mat Luxusauere bestach ze hunn. Deemools stoung Léck no der normaler Aller- a Retourronn un der Tabellespëtzt. No de Play-Offs konnt sech Anderlecht schlussendlech d’Meeschterkroun opdoen.

Back to Top
CIM LOGO