
Et gouf definitiv festgehalen, datt de neie Sportlycée op Mamer kënnt, dat sot eis de Claude Meisch. Den aktuelle Site um INS ass ze kleng. D’Fro, déi sech awer elo stellt ass, wéini wäert de nei Infrastruktur stoen.
E geneeën Datum gëtt et nach net, den Educatiounsminister Claude Meisch ass awer bei enger Saach optimistesch:
D’Planunge lafen de Moment gutt weider, natierlech mussen nach d’Ëmweltaspekter gekuckt ginn, natierlech mussen d’Verkéiersaspekter gekuckt ginn, een Aspekt, deen do och der Gemeng ganz wichteg war, mä ech sinn awer optimistesch, datt an der nächster Legislaturperiod mer der Grondsteen kënne leeën.
Dat heescht, dëst Joer gëtt deemno dee Grondsteen wuel net méi geluecht. An och fir 2024 kéint et knapp ginn:
Et ass net den Educatiounsministère, dee baut, et ass de Bauteministère deen dat doten ënnert sech huet, mir sinn awer do an enke Relatiounen mateneen an ech sinn awer och optimistesch, datt déi Planungen, déi nach musse gemaach ginn, déi Analysen, déi nach musse gemaach ginn, fir definitiv alles sécher kënnen ze stellen, datt dat och relativ schnell wäert goen. Déi nächst Etapp ass elo, fir e Gesetzesprojet auszeschaffen, deen dann an d’Prozedur geet. Normalerweis dauert dat ee Joer, bis en dann gestëmmt ass.
Et wär natierlech fir déi zukünfteg Topp-Sportler hei am Land, déi wëllen an de Sportlycée goen, gutt, wann den ugeschwate Gesetzesprojet nach dëst Joer op den Instanzewee kéint goen:
Ech géif mer dat sécherlech wënschen, datt mer dat nach virun de Walen hätten, dat hänkt awer ganz einfach dovun of, vun enger Rei Planungsprozeduren wéi bei all gréissere Bauprojet zu Lëtzebuerg awer musse gemaach sinn. Esou optimistesch sinn ech do lo momentan awer net.
Um neie Site zu Mamer gëtt et dann och fir eng ganz Rei Schüler méi einfach wéi bis elo:
Mir hunn ebe genau deen doten Site gesicht, fir eben d’Kollaboratioune mam Lycée Josy Barthel ze hunn, wou se souwuel vun der Beruffsausbildung, vum Preparatoire wéi och vum General, all Klassen an all Formatioune present sinn a mir hunn och eng Europaschoul.
De Ball läit elo emol beim Bauteministère. Déi Schüler, déi elo um INS am Sportlycée op 7ième sinn, dierften, wa se all Joer duerchkommen, awer wuel knapps an de Genoss vun der neier Infrastruktur zu Mamer kommen.