
Wie sech alles nach gemellt huet, wäert d’UEFA Ufank Abrëll matdeelen.
D’Federatiounen aus Schottland, England, Wales, Nordirland an Irland wëllen zesummen d’EM2028 als dat gréisst Sportsevenement organiséiert, wat e jeemools a Groussbritannien an Irland gouf.
Bei der EM an Däitschland, déi 2024 wäert gespillt ginn, si 24 Länner mat dobäi. Et gëtt awer spekuléiert, ob d’Zuel net op 32 eropgesat soll ginn, wat wäit iwwert d’Hallschent vun de 55 Member-Federatioune vun der UEFA sinn.