
E Samschdeg sinn d’Kadetten an d’Junioren am Asaz éier e Sonndeg d’Senioren untrieden. Dobäi si Sportler aus 58 Länner op der Welt ugemellt, dat ënner anerem vun den Nationalekippen aus Brasilien, Frankräich, Groussbritannien, Neiséiland, Jordanien oder Marokko.
Mat dësem Turnéier wëllen d’Organisateuren d’Plaz vum Grand-Duché mat engem top-besaten Event an der Taekwondo-Zeen festegen. Aus Lëtzebuerger Siicht ginn 22 Kämpfer un den Depart.
Lass geet et e Samschdeg um 9 Auer. All wieder Informatioune ginn et um Site vun der Flam oder op hirem Facebook.