Lëtzebuerger Sportler am AuslandGrün, Meynadier a Rychlicki feiere Victoiren

RTL Lëtzebuerg
Den Thomas Grün an d'Magalie Meynadier am Basket wéi och de Kamil Rychlick am Volleyball feieren mat hiren Ekippe jeeweils eng Victoire.
© RTL (ARCHIV)

An der 2. däitscher Bundesliga bei den Häre ka sech de Thomas Grün mat de Gladiators Tréier doheem mat 87:64 géint Tigers Tübingen behaapten. De Lëtzebuerger stoung knapps 11 Minutten um Terrain bei deenen hie 7 Punkten a 2 Assist verbuche konnt.

An der Dammen-Bundesliga an Däitschland kënne sech d’XCYDE Angels mat der Lëtzebuergerin Magalie Meynadier mat 90:56 géint d’Panthers Osnabrück duerchsetzen. D’Lëtzebuergerin stoung 28 Minutten um Terrain. Hei huet d’Nationalspillerin 8 Rebounds an 11 Punkte fir d’Victoire bäisteiere kënnen.

Am italienesche Volleyball-Championnat huet Lube Civitanova mam Kamil Rychlicki 3:0 (25:12, 25:20, 25:18) géint Kioene Padova gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO