Liichtathletik: Internationale MeetingGutt Leeschtung vum Bob Bertemes zu Schëffleng

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger huet am Bommstoussen iwwerzeegt a sech déi éischt Plaz geséchert. Et sinn och eng Rei nei Meeting-Rekorder opgestallt ginn.
© RTL Archiv

De Bob Bertemes huet an der Finall d’Bomm 21 Meter an 3 Zentimeter wäit gehäit an d’Competitioun domadder gewonnen. Op d’Plazen 2 an 3 sinn de Mostafa Amr Hassan aus Ägypten an de Roman Kokoshko aus der Ukrain komm.

D’Charline Mathias ass iwwer d'800 Meter an der C-Finall an enger Zäit vun 2 Minutten a 6 Sekonnen dat Zweet hannert der Marokkanerin Khadija Benkassem ginn.

D’Qualitéit war héich beim internationale Meeting zu Schëffleng. Net manner wéi 9 Meeting-Rekorder goufen opgestallt.

An de Virleef iwwer d'100 Meter bei den Hären ass ë.a. dem Kishane Thompson aus Jamaika mat enger Zäit vu 9 Sekonnen an 99 Honnertstel en neie Rekord gelongen.

Iwwert d'400 Meter ass dat och dem Alex Ogando aus der Dominikanescher Republik gegléckt. Hien ass d’Streck an enger Zäit vu 45 Sekonnen a 27 Honnertstel gelaf.

Am Stafhéichsprong bei den Dammen ass d’Neiséilännerin Eliza Mccartney iwwer 4, 85 Meter gesprongen.

Hei fannt Dir all d’Resultater vum Meeting. Biller a Reaktioune ginn et um Méindeg am Journal op der Tëlee ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO