Lëtzebuerger Schi-ChampionnatGwyneth ten Raa a Matthieu Osch wanne Slalom a Riseslalom

RTL Lëtzebuerg
De Weekend war zu Adelboden an der Schwäiz dat nationaalt Schi-Championnat.
© Roland Miny / pressphoto

Am Schi Alpin sinn am Slalom an am Riseslalom Titele verdeelt ginn. Am Laanglaf gouf et Decisiounen am Skating an am klassesche Stil. Donieft war dann och nach eng Vertical Race.

Am Slalom an am Riseslalom huet sech bei den Dammen d’Gwyneth ten Raa behaapt a bei den Hären ass de Matthieu Osch a béide Courssen déi séiersten Zäit gefuer.

Am Laanglaf hu sech am Skating de Pascal Jentges an d’Anouk Flesch den Titel geséchert. Am klassesche Stil waren de Valle Theo an d’Anouk Flesch déi bescht.

PDF: Resultater vum Lëtzebuerger Schi-Championnat

Back to Top
CIM LOGO