Internationale FuttballHaaland rett Dortmund an der Nospillzäit 3 Punkten

RTL Lëtzebuerg
Fir de Kont vum 3. Spilldag an der Bundesliga huet sech de BVB mat 3:2 géint Hoffenheim duerchgesat.
De BVB gewënnt no enger verréckter Schlussphas.
De BVB gewënnt no enger verréckter Schlussphas.
© AFP

E Freideg den Owend ass ënnert anerem an der däitscher Bundesliga, der italienescher Serie A an an der franséischer Ligue 1 de Ball gerullt.

Bundesliga

Borussia Dortmund - TSG Hoffenheim 3:2
1:0 Reyna (49'), 1:1 Baumgartner (61'), 2:1 Bellingham (69'), 2:2 Dabbur (90'), 3:2 Haaland (90+1')

An engem intensive Match huet sech Borussia Dortmund mat 3:2 géint Hoffenheim behaapt. Den decisive Gol huet den Haaland an der Nospillzäit geschoss, nodeems Hoffenheim duerch den Dabbur an der 90. Minutt ausgeglach hat. Mat sechs Punkte steet de BVB op d’mannst fir eng Nuecht un der Tabellespëtzt.

De Reyna (49') an de Bellingham (69') hunn déi aner Goler fir de BVB geschoss, den Hoffenheimer Baumgartner (61') hat den tëschenzäitlechen 1:1 markéiert. Fir d’Hoffenheimer an den Trainer Sebastian Hoeneß, déi bei véier Punkte bleiwen, war et déi éischt Néierlag an dëser Saison.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Serie A

Hellas Verona - Inter Mailand 1:3
1:0 Ilic (15'), 1:1 Martinez (47'), 1:2 Correa (83'), 1:3 Correa (90+4')

Den italienesche Champion Inter Mailand huet iwwer wäit Strecken zu Verona ee schwaache Match gewisen. Kuerz no der Paus hat de Martinez fir d’Nerazzurri ausgeglach. An der Schlussphas konnt sech Inter nach déi dräi Punkte sécheren. De Correa, deen eréischt an der 74. Minutt agewiesselt gi war, huet mat zwee Goler fir d'3:1-Schlussresultat gesuergt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

FC Nantes - Olympique Lyon 0:1
0:1 Dembélé (35')

Lyon huet sech iwwerdeems déi éischt Victoire an dëser Saison geséchert. Auswäerts huet ee sech beim FC Nantes mat 1:0 behaapt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Moussa Dembélé markéiert decisive Gol.
Moussa Dembélé markéiert decisive Gol.
© AFP

Back to Top
CIM LOGO