Champions LeagueHaaland schéisst ManCity zur Victoire géint Dortmund

RTL Lëtzebuerg
No der Dortmunder Féierung konnt City de Match nach bannent de leschten zéng Minutten dréinen an um Enn mat 2:1 wannen.
© AFP

E Mëttwoch den Owend gouf et op der Suite vum 2. Spilldag an der Kinneksklass eng 2:1-Victoire fir Manchester City géint Dortmund. An de weidere Matcher vum Owend konnte sech ënnert anerem Real Madrid, PSG an Neapel dräi Punkte sécheren. Fir Chelsea gouf et op der Stamford Bridge dogéint just ee Punkt géint Salzburg a Juventus huet doheem géint Benfica de Kierzere gezunn.

Grupp G

Déi bescht Zeene vum Match Manchester City géint Dortmund
Manchester City konnt de Match no engem Réckstand nach dréinen.

Manchester City - Borussia Dortmund 2:1
0:1 Bellingham (56'), 1:1 Stones (80'), 2:1 Haaland (84')

Wéi ze erwaarden huet Manchester City an den éischte Minutten de Ball duerch déi eege Reie lafe gelooss. Dortmund stoung hannen disziplinéiert a konnt d’Ekipp an den hellbloen Trikote gutt vum eegene Gol fort halen. Ëmmer nees ass awer och d’Borussia a Ballbesëtz komm, ouni dobäi awer richteg geféierlech ze ginn. Eng eenzeg Ausnam war de Schoss vum Guerreiro an der 15. Spillminutt, deen den Ederson awer ouni gréisser Problemer paréiert huet. Och d’Lokalekipp mam Ex-Dortmunder Haaland huet de Wee laanscht déi géigneresch Defense net konsequent fonnt a sou ass eng taktesch éischt Hallschent ouni Goler an ouni grouss Héichpunkten op en Enn gaangen.

Ronn 10 Minutten nom Säitewiessel ass et dann awer zur Féierung fir de BVB komm. Bei engem Schoss vum Reus hat de Bellingham de Kapp dertëscht gehalen a konnt sou op 1:0 fir d’Gäscht stellen. Fir Manchester City, déi Problemer mat der Kreativitéit am leschten Drëttel haten, sinn doropshin dräi nei Spiller vum Pep Guardiola op den Terrain geschéckt ginn. De Silva, Foden an Alvarez hu frësche Wand op den Terrain bruecht an d’Kontroll nees zréck un d’Citizens ginn. Dortmund krut sech net méi richteg aus der eegener Hallschent befreit an huet sou bannent véier Minutten d’Féierung aus der Hand ginn.

Nom Ausgläich duerch en Distanzschoss vum Stones an der 80. Minutt konnt den Haaland mat engem spektakuläre Gol nach een dropleeën. No enger Flank vum Cancelo konnt den Norweger op eng artistesch Aart a Weis de Ball per Volley an de Gol setzen a sou op 2:1 fir d’Haushäre stellen. Dortmund krut sech vun deenen zwee séiere Géigegoler net méi erholl a verléiert domat de Match um Enn mat 1:2.

Kopenhagen - FC Sevilla 0:0

De Resumé vum Match Kopenhagen géint Sevilla
Zu Kopenhagen sinn e Mëttwoch keng Goler gefall.

Grupp A

De Resumé vum Match Rangers géint Neapel
Neapel konnt sech zu Glasgow mat 3:0 behaapten.

Rangers - Neapel 0:3
0:1 Politano (68'), 0:2 Raspadori (85'), 0:3 Ndombelé (90+1')

Grupp E

De Resumé vum Grupp E
D’Resuméë vun de Matcher Mailand géint Zagreb an Chelsea géint Zagreb.

AC Mailand - Dinamo Zagreb 3:1
1:0 Giroud (45'), 2:0 Saelemaekers (47'), 2:1 Orsic (56'), 3:1 Pobega (77')

Chelsea - Salzburg 1:1
1:0 Sterling (48'), 1:1 Okafor (75')

Grupp F

De Resumé vum Grupp F
D’Resuméë vun de Matcher Donezk géint Celtic a Real géint Leipzig.

Real Madrid - Leipzig 2:0
1:0 Valverde (80'), 2:0 Asensio (90+1')

Donezk - Celtic 1:1
0:1 Bondarenko (10'), 1:1 Mudryk (29')

Grupp H

De Resumé vum Grupp H
D’Resuméë vun de Matcher Haifa géint PSG a Juventus géint Benfica

Maccabi Haifa - PSG 1:3
1:0 Chery (24'), 1:1 Messi (37'), 1:2 Mbappé (69'), 1:3 Neymar (88')

Juventus - Benfica 1:2
1:0 Milik (4'), 1:1 Joao Mario (43'), 1:2 David Neres (55')

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO