Wat de Kappschutz betrëfft, ass et fir déi ganz U18-Kategorien obligatoresch, ee komplette Gesiichtsschutz ze hunn a Form vun enger Gitter- oder Plexiglas-Visière.
Den Helm ass net den eenzege Wee, sech ze schützen. Et gëtt och nach den Halsschutz, deen awer net fir all Alterskategorie obligatoresch ass. Och wann et all déi Schutzmoossname gëtt, ass et den 28. Oktober wärend engem Äishockey-Match an England zu engem déidlechem Accident komm. De Spiller Adam Johnson krut vum Schlittschong vu engem Géigner an den Hals geschnidden, an ass duerno am Spidol u senger Verletzung gestuerwen.
Duerch deen Accident ass d’ Fro vun der Sécherheet am Äishockey a ville Länner eng Thematik. Länner wéi England, Däitschland oder Norwegen hunn decidéiert, datt d’Halskraus vu Januar 2024 u fir all Kategorien obligatoresch soll sinn.
Och hei am Land gëtt den Halsschutz vun dem Datum u fir jiddereen obligatoresch. Déi Lëtzebuergesch Ekippe spillen awer net nëmmen op Lëtzebuergeschem Terrain, mee sinn och Deel vu franséischen a belsche Championnater. Och wann déi lëtzebuergesch Spiller vu Januar u gezwonge sinn, fir all Training an all Match, egal op hei am Land oder am Ausland, een Halsschutz mussen unzehunn, probéiert déi lëtzebuergesch Federatioun awer Informatiounen zu den Reegelungen aus den zwee Nopeschlänner ze kréien.
Datt bis Januar 2024 all Spiller een Halsschutz soll hunn, dierft hei am Land kee Problem sinn, eppes wat am Ausland awer net onbedéngt de Fall wäert sinn. D’ Fournisseure kéinte Problemer mat der grousser Demande kréien, dofir huet déi lëtzebuergesch Federatioun decidéiert, selwer ee Stock unzeleeën.