Bundesliga - RelegatiounHamburg wënnt den Allersmatch mat 1:0 géint d'Hertha

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend war an der Bundesliga-Relegatioun den Allersmatch tëscht Hertha BSC Berlin an dem Hamburger SV.
© AFP

Et war eng ëmkämpften éischt Hallschent mat wéinege Strofraum-Aktiounen. Den HSV huet wuel gréisstendeels den Toun uginn an hat duerch de Glatzel och déi beschte Chance aus dem Match eraus. Zweemol gouf et an der éischter Hallschent e puer Diskussioune méi. Eng Kéier wollt den HSV en Eelefmeter wéinst Handspill hunn an e Gol vum Hertha-Buteur Belfodil huet wéinst enger Abseitspositioun net gezielt. Deemno goufen d’Säite mat engem 0:0 gewiesselt.

An der zweeter Hallschent kruten d’Spectateuren zu Berlin am Olympiastadion dunn awer bessere Futtball ze gesinn an an der 57. Minutt och en éischte Gol. De Reis wollt wuel eigentlech flanken, ma dem Hamburger seng Flank ass glécklecherweis iwwer de Golkipp an de Gol geflunn, esou datt den HSV mat 1:0 a Féierung goe konnt. Dëst sollt, obwuel et nach weider Chancë gouf, den eenzege Gol vum Match bleiwen. Deemno geet den Zweetligist mat engem knappen Avantage vun engem Gol an de Retourmatch e Méindeg den Owend.

Back to Top
CIM LOGO