
Verschidde brittesch Medie mellen, datt de Formel-1-Rekordchampion Lewis Hamilton an d’Serena Williams, fréier Nummer 1 am Dammentennis, Deel vun engem Konsortium solle sinn, dat den englesche Futtballveräin FC Chelsea London kafe wëll. Déi zwee Sportler géingen deemno jeeweils ronn 12 Milliounen Euro bäisteieren. Chef vum Konsortium wier de Sir Martin Broughton, fréiere President vum FC Liverpool a vu British Airways.
De Roman Abramowitsch, zënter 2003 Besëtzer vum FC Chelsea, wëllt de Veräin wéinst de westleche Sanktioune géint russesch Oligarche verkafen. Nieft dem Konsortium ronderëm Broughton, Hamilton a Williams sinn och nach aner Interessenten am Spill. Iwwerraschend ass dës Nouvelle virun allem, well de Lewis Hamilton als Supporter vum FC Arsenal, Lokalrival vum FC Chelsea, gëllt.