Nationale FuttballHamm an Diddeleng, sou wéi Nidderkuer an Hesper spillen hir Nodrosmatcher

RTL Lëtzebuerg
Diddeleng ass jo aktuell mat 21 Punkten op der éischter Plaz an der Tabell.

D’Reprise am Futtball - Reportage Jeff Kettenmeyer

Am nationale Futtball Championnat sinn de Mëttwoch den Owend zwee Nodrosmatcher.

Um 20 Auer kritt den RM Hamm et mam F91 Diddeleng ze dinn, dëst ass eng Partie vum éischte Spilldag. Diddeleng ass jo aktuell mat 21 Punkten op der éischter Plaz an der Tabell.

Donieft spillt och um 20 Auer Nidderkuer géint Hesper, dëse Match geet zeréck op den 8. Spilldag.

Bei béide Matcher si keng Spectateuren erlaabt, Dir fannt awer ee Liveticker op RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO