Beim DFBHannes Wolf gëtt Direkter

RTL Lëtzebuerg
De fréiere Bundesligatrainer këmmert sech an Zukunft ëm d'Beräicher Nowuess, Training an Entwécklung am däitsche Futtball.

De Posten huet den däitsche Futtballbond nei geschafen. Den 42 Joer ale Wolf war ënnert anerem Trainer vum VfB Stuttgart, dem Hamburger SV a Bayer Leverkusen. Aktuell trainéiert hien déi däitsch U20-Nationalekipp. Deen Job soll hien och als Direkter behalen.

Da war et nach d’Annonce, datt den DFB ee weideren Direkteschposte fir de Beräich vum Fraefussball schafe wäert. Eng drëtt Persoun gëtt als Successeur vum Sportdirekter Rudi Völler, deen no der EM d’nächst Joer ophale wäert, gesicht. Iwwert deenen dräi Direktere soll nach eng Persoun installéiert ginn, déi d’Aufgabe vum Oliver Bierhoff, dee vun 2004 bis 2022 Teammanager vun der däitscher Nationalekipp war, iwwerhëlt.

Back to Top
CIM LOGO