Lëtzebuerger Futtballer am AuslandHéich Defaite fir den Yvandro Borges mat Almelo géint Feyenoord

RTL Lëtzebuerg
Et war kee gudde Sonndeg fir d’Lëtzebuerger Futtballer am Ausland. A 7 Partië gouf et just eng Victoire.
© Val Wagner (Archiv)

An der héchster hollännescher Liga ass Heracles Almelo mat 0:7 géint Feyenoord ënnergaangen. Den Yvandro Borges stoung vun Ufank un um Terrain, gouf an der Paus awer ausgewiesselt. Zu deem Ament stoung et schonns 0:4.

An der 2. Bundesliga an Däitschland gouf et en 0:0-Remis tëscht Darmstadt a Magdeburg. Den Eldin Dzogovic stoung net am Kader. De Mathias Olesen stoung bei der 0:6-Defaite vu Greuther Fürth zu Elversberg och net am Kader. Hien ass weiderhin um Fouss blesséiert.

Fir St. Pauli an den Danel Sinani gouf et beim 0:3 géint Hoffenheim déi 4. Defaite hannerteneen an der 1. Bundesliga. De Lëtzebuerger stoung 90 Minutten um Terrain, huet an der 88. Minutt de Ball am Filet ënnerbruecht. De Gol huet wéinst Abseits awer net gezielt.

De Seid Korac huet an der Serie B an Italien mat Venedeg 1:1 gläich zu Empoli gespillt. Den Ofwierspiller stoung de ganze Match um Terrain. An der Tabell läit een den Ament op der gudder 6. Plaz.

A Serbien gouf et fir IMT Novi Beograd mam Olivier Thill eng däitlech 1:6-Defaite beim Roude Stär Belgrad. De Mëttelfeldspiller huet d’Partie ugefaangen a gouf an der 70. Minutt ausgewiesselt. Zu deem Ament stoung et schonns 0:4.

Déi eenzeg Victoire vum Dag gouf et fir den Anthony Moris mat senger Ekipp Al Khaleej a Saudi-Arabien. Beim 4:1-Succès géint Al Riyadh stoung de Golkipp de ganze Match iwwer tëscht de Pottoen. An der 5. Partie war et den drëtte Succès fir Al Khaleej.

Samschdeg

Bundesliga

Ouni den Aiman Dardari am Kader gouf et fir Augsburg en 1:1 géint Köln. En Eelefmeter vum Rieder huet d’Ekipp vum jonke Lëtzebuerger a Féierung bruecht, den El Mala huet awer eng Véierelsstonn egaliséiert.

Premier League a Russland

Spartak Moskau ass e Samschdeg net iwwert en 1:1 géint den FK Rostow eraus komm. Beim Remis gouf de Christopher Martins an der 74. Minutt ausgewiesselt. An der Tabell steet Spartak op der 6. Plaz.

Super League an der Schwäiz

Eng 0:3-Defaite beim FC Basel gouf et an der schwäizerescher Super League fir den FC Winterthur mam Marvin Martins. De Lëtzebuerger Defenseur stoung déi komplett Partie um Terrain. Winterthur waart domat och am néngte Match weider op déi éischt Victoire vun der Saison. Mat nëmmen zwee Punkte steet een aktuell op der leschter Tabelleplaz.

Freideg

2. Divisioun an der Belsch: Beerschot - Beveren 1:1

De Laurent Jans stoung vun Ufank u géint Beerschot mat um Terrain, dat als Rietsverdeedeger. Déi éischt 45 Minutte si keng Goler gefall. An der 56. Minutt konnt de Lennart Mertens Beveren awer mat 1:0 a Féierung bréngen. An der 72. Minutt war et den Ausgläich fir Beerschot, dat duerch den Mbe Soh. Bei deem Resultat sollt et bleiwen. De Laurent Jans stoung de komplette Match um Terrain.

Ligue 2 a Frankräich: Troyes - Bastia 1:0

Den SC Bastia war beim ES Troyes AC op Besuch, dat am Kader vum 10. Spilldag. De Florian Bohnert souz bei Bastia just op der Ersatzbänk. Obwuel Troyes vun der 23. Minutt u just nach zu 10 um Terrain stoungen, well den Adeline eng rout Kaart kritt huet, si se trotzdeem kuerz virun der Paus duerch e Gol vum Bentayeb mat 1:0 a Féierung gaangen. Si konnten dat Resultat iwwert d’Zäit retten. Troyes ass Tabelleleader an der Ligue 2, iwwerdeems Bastia op der leschter Plaz steet.

2. Liga an Éisträich: St. Pölten- Lustenau 1:0

Och an der 2. Liga an Éisträich ass et den 10. Spilldag. Hei hat St. Pölten mam Dirk Calson et mat Austria Lustenau ze dinn. Ganz laang huet et hei no engem 0:0 ausgesinn. Et huet bis déi 6. Minutt vun der Nospillzäit gedauert, bis dunn awer nach e Gol gefall ass, dat zu Gonschte vun der Heemekipp. St. Pölten kann domadder d’Tabelleféierung ausbauen an huet elo schonn 11 Punkte Virsprong op Plaz 2, dat allerdéngs mat engem Match méi. Lustenau steet op Plaz 3 mat 16 Punkten.

Coupe a Portugal: Chaves - Benfica0:2

An der 3. Ronn vun der Coupe “Tace de Portugal” huet GD Chaves aus der zweeter Liga et mat Benfica Lissabon ze di krut. Benfica war kloer an der Favoritteroll an huet dann och just 8 Minutte gebraucht, fir duerch de Pavlidis den 1:0 ze schéissen. Et sollt bis d’Paus bei deem Resultat bleiwen.

De Leandro Barreiro ass an der 75. Minutte fir de Lukébakio agewiesselt ginn a stoung deemno mat um Terrain, wou de Pavlidis den decisive 2:0 fir Benfica schéisse konnt.

Back to Top
CIM LOGO