BundesligaHertha geléngt ee Befreiungsschlag géint Hoffenheim

RTL Lëtzebuerg
Donieft gouf et fir Mainz eng 4:0-Victoire an enger kuriéiser Partie géint Bielefeld an och Bayern hëlt doheem dräi Punkte géint Union mat.
© AFP

An der däitscher Bundesliga sinn e Samschdeg d’Partië vum 27. Spilldag gespillt ginn.

Hei konnt Mainz mam Leandro Barreiro sech doheem mat 4:0 géint Arminia Bielefeld duerchsetzen. Schonn no 27 Sekonne konnt de Burkardt seng Faarwen a Féierung bréngen, et ass deen zweetséierste Gol an der Mainzer Bundesligageschicht. No ronn 15 Minutte ass et dunn zu enger kuriéiser Zeen komm. Dem Schidsriichter seng Auer hat de Ball no engem Kappball vum Niakhaté als hannert der Linn ugewisen an huet dat entspriechend Signal gesent, den techneschen Defekt konnt duerch d’Biller vum VAR awer erkannt ginn. An der zweeter Hallschent ass et du weidergaange mat de Kuriositéiten. Mainz krut nämlech 3 Eelefmeter, déi vun dräi verschiddene Spiller verwandelt goufen. Den Niakhaté, de Burkardt an den Ingvartsen hunn domat fir en Novum an der Bundesliga gesuergt. Fir Bielefeld war et duerch d’Victoirë vun der Hertha a Stuttgart awer ee ganz battere Nomëtteg.

An der éischter Partie mam Felix Magath als Trainer, deen awer wéinst enger Corona-Infektioun net un der Säitelinn stoung, konnt d’Hertha géint Hoffenheim ee Befreiungsschlag am Ofstigskampf landen. Trotz 28% Ballbesëtz war et d’Ekipp aus der Haaptstad, déi an den éischte 45 Minutten déi besser Geleeënheeten hat an deementspriechend no 39 Minutten duerch de Stark a Féierung konnt goen. An der zweeter Hallschent huet sech de Spectateuren en änlecht Bild gebueden an no 63 Minutte konnt de Belfodil den 2:0 fir seng Ekipp markéieren. Déi harmlos Hoffenheimer haten deem näischt méi entgéintzesetzen, soudatt d’Hertha duerch e Selbstgol vum Raum souguer nach op 3:0 erhéije konnt, wat gläichzäiteg och d’Schlussresultat war.

Fir Stuttgart gouf et iwwerdeems ee weidere wichtege Succès beim 3:2 géint Augsburg, wärend Freiburg bei Fürth net iwwert en 0:0 erauskomm ass.

Um 18h30 koum et dunn nach zur Begéinung tëscht Bayern München an Union Berlin, déi di favoriséiert Lokalekipp ouni grouss Problemer fir sech entscheede konnt. Schonn an den éischte 25 Minutte war de Ball duerch de Coman an den Nianzou zwee Mol am Filet vun der Ekipp aus der Haaptstad gelant. Kuerz virum Pausentéi huet de Lewandowski dunn nach en Eelefmeter verwandelt, woumat de Match endgülteg gelaf war. No der Halbzeit konnt de Pol dann nach een dropsetzen, soudass de Match mat 4:0 op en Enn geet.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO