
De Champion Hesper start mat enger 5:1-Victoire géint Stroossen an déi nei Saison a steet schonn nees op der éischter Positioun.
An der éischter Hallschent war et e montere Match, wou Hesper déi méi aktiv Ekipp war, obschonn Stroossen sech net verstoppt huet. De fréie Géigegol huet d’Lokalekipp net beandrockt a se konnt séier ausgläichen. Nodeems de Match sech e bësse berouegt hat, huet Hesper nees d’Heft an d’Hand geholl a gouf mam 2:1 belount, wat och den Halbzeitstand war.
Nom Säitwiessel huet de Swift mat zwee séiere Goler de Sak séier zougemaach. No der Giel-Rouder Kaart fir de Buteur Agovic op Stroossener Säit war de Match dunn definitiv gelaf.
Den FC Déifferdeng 03 huet et dem Swift Hesper gläichgedoen an d’Fola mat 5:1 geklappt. No 35 Minutte louchen déi Déifferdenger no Goler vun Naïfi, Trani a Brusco scho mat 3:0 a Féierung. Déi Escher konnte kuerz virun der Paus zwar duerch de Camara op 1:3 verkierzen, ma an der zweeter Hallschent konnt een net noleeën. Déifferdeng huet weider den Toun uginn a sollt sech an de leschte Minutten nach mat zwee weidere Goler belounen. Den D’Anzico an den Trani hu fir d’Schlussresultat gesuergt.
Fir den F91 Diddeleng gouf et och eng Victoire. Wolz huet ee mat 3:1 heemgeschéckt.
Viru 472 Spectateure waren déi éischt dräi Golchancen dobannen. Zweemol housch de Buteur Martin-Suarez vu Wolz, mee eng Kéier hat de Ball de Wee an den eegene Gol fonnt. Mat engem séieren zweete Gol huet den F91 de Match virun der Paus zu senge Gonschten dréie kënnen.
An der zweeter Hallschent war vill Spannung am Match, well den Ënnerscheed tëscht béiden Ekippen net grouss war. Och well Diddeleng den Deckel net dropmaache konnt, huet et bis déi 91. Minutt gedauert, bis duerch de Gol vum Schaus de Match entscheet war.
Den zweeten Opsteiger Miersch, de Coupe-Finalist aus der leschter Saison, huet säin Optaktmatch doheem 1:2 géint Rouspert verluer. Nodeems an der éischter Hallschent keng Goler gefall waren, stoung et nom Säitewiessel séier 1:1. Um Enn huet sech Rouspert awer duerch e spéide Gol verdéngt mat 2:1 duerchgesat.
Am Optaktmatch vun der neier Saison hat sech den Opsteiger Schëffleng a leschter Minutt e Gläichspill géint Union Titus Péiteng erkämpft.
Stroossen - Hesper 1:5
0:1 Stolz (4'), 1:1 Agovic (11'), 1:2 Alioui (31'), 1:3 Spruds (58'), 1:4 Ayongo (62'), 1:5 Martins (90')
Diddeleng - Wolz 3:1
0:1 Martin-Suarez (21'), 1:1 Martin-Suarez (31', Eegegol), 2:1 Decker (33'), 3:1 Schaus (90'+1)
Miersch - Rouspert 1:2
0:1 Neves (49'), 1:1 Rodrigues da Cruz (53'), 1:2 Carrataia-Jimenez (81')
Munneref - Racing 1:3
1:0 Bekkouche (26', Eelefmeter), 1:1 Muratovic (55', Eelefmeter), 1:2 Amiri (63'), 1:3 Gashi (75')
Käerjeng - Monnerech 1:2
0:1 Fleury (7'), Delgado (52', Eelefmeter), 1:2 Thiel (75')
Jeunesse Esch - Nidderkuer 1:3
0:1 De Almeida (4'), 1:1 Mogni (24'), 1:2 Jarmouni (73'), 1:3 Bastos (87')
Déifferdeng - Fola Esch 5:1
1:0 Naïfi (17'), 2:0 Trani (25', Eelefmeter), 3:0 Brusco (34'), 3:1 Camara (43'), 4:1 D’Anzico (81'), 5:1 Trani (90+3')