BGL LigueHesper an Diddeleng setze sech duerch

RTL Lëtzebuerg
Hesper gewënnt zu Déifferdeng an Diddeleng gewënnt bei der Fola. Zu Péiteng si 6 Goler an zu Stroossen der 7 gefall.

Hesper hëlt mam 2:1 géint Déifferdeng all d’Punkte mat heem. Déifferdeng huet an der éischter Véierelstonn de Match gemaach, et waren awer d’Gäscht vun Hesper, déi den 1:0 markéiere konnten. De Swift huet seng Chancen effektiv genotzt a konnt e puer Minutte méi spéit och den zweete Gol markéieren, obwuel d’Heemekipp besser am Match war. Den zweete Gol huet Déifferdeng e Coup ginn an Hesper huet de Match u sech gerappt. Direkt no der Paus sollt Déifferdeng den 1:2 markéieren, an huet och déi Minutten duerno op den 2:2 gedréckt, mee de Swift sollt den Avantage iwwert d’Zäit retten. Hesper bleift domat Zweeten an Déifferdeng verléiert ëmmer méi den Uschloss un déi éischt zwou Ekippen.

Hesper gewënnt géint Déifferdeng
De Swift setzt sech mat 2:1 beim FC Déifferdeng duerch.

Diddeleng gewënnt verdéngt 2:0 bei der Escher Fola. An der éischter Hallschent war et keen héichklassege Match um Escher Gaalgebierg, bis den 1:0 fir den F91 gefall ass. Duerno ass de Match vu béide Formatioune besser ginn, mee et waren déi Diddelenger, déi duerch den zweete Gol vum Sinani d’Féierung ausbaue konnten. Hannen hunn d’Gäscht näischt ubrenne gelooss. Och an der zweeter Hallschent hunn d’Spiller vum Trainer Carlos Fangueiro de Match kontrolléiert ouni ze glänzen an hätten um Enn nach méi héich kënne gewannen. Den F91 bleift och nom aachte Spilldag “sans faute”, wärend d’Fola déi fënneft konsekutiv Néierlag kasséiert an ënnen an der Tabell hänke bleift.

Am Duell vun den Iwwerraschungsekippe gewënnt Munneref 2:1 zu Monnerech an hëlt dräi Punkte mat Heem. An ausgeglachenen éischte 45 Minutte waren et déi Munnerefer, déi an de leschte 15 Minutten den Drock erhéicht hunn a kuerz virun der Paus duerch de Ben Amar a Féierung goe konnten. Monnerech huet an der zweeter Hallschent keng groussaarteg Aktioune konnte kreéieren a Munneref konnt op 2:0 erhéijen. Kuerz viru Schluss huet d’Lokalekipp nach den Éieregol geschoss.

De Racing setzt sech doheem mat 2:1 géint d’Escher Jeunesse duerch a verschäerft d’Kris bei der Ekipp vun der Grenz. An enger schwaacher éischter Hallschent war d’Heemekipp duerch de Simon a Féierung gaangen, deen opgrond vum Matchverlaf verdéngt war, well de Racing versicht huet, de Ball rullen ze loossen. Nom Säitewiessel hunn d’Zuschauer méi Golchancë gesinn an an der 68. Minutt konnt de Racing duerch en Eelefmeter op 2:0 erhéijen. Kuerz viru Schluss ass et nach eng Kéier spannend ginn, wéi d’Jeunesse den Uschlossgol markéiert huet.

Hueschtert geléngt mam 1:0 géint Nidderkuer eng Iwwerraschung. Béid Formatioune ware gutt an de Match erakomm an de Progrès war an der Ufanksphas déi méi geféierlech Ekipp. D’Lokalekipp war awer iwwerraschend duerch déi éischt gutt Aktioun vum Match a Féierung gaangen. Nidderkuer huet sech duerno zwar Golchancen erausgespillt, mee konnt keng dovunner notzen. Nom Säitewiessel huet Nidderkuer méi fir de Match gemaach, konnt seng Chancë bis zum Enn vum Match awer net notzen.

Zu Stroossen si beim 4:3 géint Wolz net manner wéi siwe Goler gefall. An den éischten 12 Minutte waren net manner wéi véier Goler gefall, no deene Stroosse mat 3:1 a Féierung louch. No enger hallwer Stonn konnt Wolz duerch en Eelefmeter op 3:2 verkierzen. An der zweeter Hallschent hat d’Partie e bëssen un Tempo verluer, gouf awer nach eng Kéier spannend, wéi Wolz den 3:3 markéiert huet. An der Nospillzäit huet Stroossen duerch en direkte Fräistouss vum Perez nach de 4:3 markéiert.

Fir Rouspert goung hir Serie vun dräi Gläichspiller hannertenee beim 1:5 zu Péiteng op en Enn. D’Lokalekipp ass de Match méi aggressiv ugaangen an hat vill Zoch zum Gol. Bis zur 36. Minutt sollt Péiteng scho mat 3:0 a Féierung leien. No der Paus huet Rouspert duerch en Eelefmeter kuerzzäiteg de Réckstand verréngere kënnen, mee Péiteng huet kuerz drop nees den alen Ecart hiergestallt. Kuerz viru Schluss huet de Merk mam fënnefte Gol fir Péiteng den Deckel drop gemaach.

Ettelbréck a Käerjeng trenne sech 1:1. D’Etzella war an deenen éischten 10 Minutten déi besser Ekipp, mee duerno huet Käerjeng ëmmer méi de Match iwwerholl. D’Spectateure kruten net vill flott Momenter ze gesinn an et goung mat 0:0 an d’Paus. Direkt nom Säitewiessel sollt Käerjeng duerch den Albanese den 1:0 schéissen, mee d’Etzella konnt an der Nospillzäit nach den Ausgläich schéissen. An der Tabell ännert sech doduerch net vill fir béid Ekippen.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO