
E Sonndeg stoung d’Suite vum 28. Spilldag am nationale Futtballchampionnat um Programm. Um Samschdeg konnt ënner anerem d’Fola sech scho géint de Racing duerchsetzen, wärend Hamm doheem géint Wolz ënnergaangen ass.
Den Tabelleleader vun Diddeleng hat keng Problemer zu Rodange a konnt sech souverän mat 0:2 behaapten. No 18 Minutte konnt de Sinani no schéinem Kombinatiounsspill den 1:0 fir seng Faarwe markéieren. Dono huet den F91 de Match zwar geréiert, dat awer ouni vill Chancen ze kreéieren. An der 86. Minutt konnt de Gashi dunn no engem Ballverloscht vum Semedo fir d’Entscheedung suergen. Diddeleng huet domat nees eng Avance vun 3 Punkten op d’Fola, wärend déi Rodanger elo definitiv ofgestige sinn.
Hesper an d’Jeunesse deele sech no engem spéiden Ausgläich vun der Lokalekipp d’Punkten. An der Ufanksphas war et Hesper, déi besser am Match waren, ma dat huet sech no der rouder Kaart vum Malget an der 15. Minutt awer geännert. Zwar konnt den Dupire de fällegen Eelefmeter vum Nouvier nach paréieren, d’Jeunesse ass awer besser ginn a konnt a Persoun vum Kyei direkt no der Paus a Féierunng goen. An der Schlussphas war et dunn awer rëm Hesper, déi op den Ausgläich gedréckt hunn an d’Partie ass praktesch just nach op ee Gol gaangen. Sou war et an der Nospillzäit och den Terki, deen no Fräistouss vum Avdusinovic nach den 1:1 geschoss huet.
An engem serréierte Match kann Déifferdeng sech mat 1:0 doheem géint Munneref duerchsetzen. Et war eng intensiv Partie, an där Déifferdeng déi méi aktiv Ekipp war, ma ouni sech vill Occasiounen erauszespillen ze kënnen. No enger Stonn huet den De Taddeo sech dunn aus 25 Meter een Häerz geholl a mat engem schéinen Ofschloss den 1:0 markéiert, wat och sollt d’Schlussresultat sinn. Déifferdeng iwwerhëlt domat Hesper an der Tabell a steet elo mat zwee Punkte manner wéi d’Fola op der drëtter Plaz.
An der Partie tëscht Stroossen an Hueschtert ass d’Lokalekipp besser an de Match komm a konnt no 19 Minutten duerch de Babit a Féierung goen. Am Ufank vun der zweeter Hallschent goufen déi Hueschterter du kal erwëscht a krute vum Camilo Almeida den 0:2 geschoss. An der 77. Minutt huet de Runser dunn nach een dropgesat, ier de Lopes an der 87. Minutt mam 4:0 fir de Schlusspunkt gesuergt huet.