BGL LigueHesper klappt Ettelbréck an de Progrès gewënnt géint d'Jeunesse

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems ass et zu enger geckeger Schlussphase mat 3 Goler banne 6 Minutten zu Diddeleng komm. Um Enn spillen den F91 an Hueschtert 2:2-Gläich.

Um Samschdeg den Owend war et den Optakt vum 4. Spilldag an der BGL Ligue. De Racing wënnt no Réckstand mat 3:2 zu Wolz, Hueschtert a Diddeleng spille Gläich an de Progrès gewënnt mat 2:1 géint d’Jeunesse.

Den Owend huet de Swift Besuch vun der Etzella gehat. An enger immens ënnerhalsamer 1. Hallschent hunn déi ronn 250 Spectateure ganzer 5 Goler gesinn. De Swift war déi besser Ekipp, huet fir hier Chancë genotzt, mee hat an der Defense ze vill Lächer déi vun der Etzella äiskal ausgenotzt goufen, sou dass de Virsprong bei nëmmen 1 Gol an der Paus louch (3:2). Nom Säitewiessel haten d’Gäscht wuel déi deck Chance op den Ausgläich, sollten de Wee an de Gol awer net fannen. Am Laf vum Match huet Hesper mat 2 weidere Goler de Match fréizäiteg entscheet, sou dass si no 90 Minutte mat 5:2 wannen.

Resumé BGL Ligue / Rep. Serge Olmo

Wolz hat doheem Besuch vum Stater Racing. Obwuel d’Gäscht virun allem an der 1. Hallschent vill méi Chancen haten, war et Wooltz déi den 1:0 dunn markéiert hunn. Nom Téi huet de Racing dunn bannen 3 Minutten duerch 2 Goler vum Mabella a een vum Dembélé de Match gedréint, a gewanne trotz Ennerzuel an dem Uschlossgol vum Cornet schlussendlech mat 3:2 zu Wooltz.

Iwwerdeems hat de F91 am Stade Jos Nosbaum nawell ferm Krämpes mam US Hueschtert. Diddeleng hat d’Heft an der Hand, huet awer änlech wéi de Racing zu Wooltz de Ball an der 1. Hallschent net am Filet konnten ënnerbréngen, dat well den Ndy Assembe am Hueschterter Gol eng fantastesch Leeschtung gewisen huet. Aus dem Näischt sinn d’Visiteuren dunn bemol a Féierung gaangen a mam 1:0 Avantage an d’Paus gaangen. An der 83. Minutt ass dem F91 dunn den Ausgläich gelongen, éier Hueschtert quasi am Géigenzuch nees a Féierung gaangen ass. Schlussendlech huet de van den Kerkhof fir de Schlusspunkt (2:2) gesuergt.

Virun iwwer 1.000 Spectateuren hunn souwuel de Progrès Nidderkuer wéi och d’Jeunesse Esch eng immens physesch Partie gewisen, wou sech béid Ekippen näischt geschenkt hunn. Mëtt vun der 1. Hallschent huet de Luisi d’Lokalekipp a Féierung geschoss, kuerz dorop hätt et esouguer kéinten 2:0 stoen, de Ball sollt awer just laanscht de Potto fléien, sou dass et an der Paus 1:0 stoung. Den zweete Gol fir de Progrès sollt dunn an der 71. duerch de Muratovic falen. Esch stoung héich, hunn villes riskéiert, mee et sollt bis op de Uschlossgol (Eegengol Karayer (85') net duergoen, sou dass de Match mat 2:1 fir Nidderkuer ausgeet.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO