Conference-League-QualifikatiounHesper steet no 3:2-Victoire am drëtten Tour

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg stoungen déi éischte Retourmatcher an der Conference-League-Qualifikatioun um Programm. Mat Hesper war och e Lëtzebuerger Vertrieder am Asaz.
Hesper steet no 3:2-Victoire am drëtten Tour
En Dënschdeg stoungen déi éischte Retourmatcher an der Conference-League-Qualifikatioun um Programm. Mat Hesper war och e Lëtzebuerger Vertrieder am Asaz.

Nodeems de Swift am Allersmatch net iwwert en 1:1-Gläichspill géint de walisesche Veräin The New Saints erauskomm ass, hunn d’Jonge vum Holleschbierg missen de Retourmatch gewannen, fir an déi drëtt Ronn vun der Qualifikatioun fir d’Conference League ze kommen. Dëst ass dem Swift och gelongen. Hesper gewënnt de Retourmatch mat 3:2 a steet domadder am nächsten Tour.

D’Lokalekipp huet direkt gutt an de Match fonnt. Schonn an der 2. Minutt konnt de Stolz vun engem Feeler an der walisescher Defense profitéieren an eleng a Richtung Gol marschéieren. De Stiermer vum Swift hat virum Golkipp vun de Waliser keng Problemer, fir de Ball zum 1:0 am Filet ënnerzebréngen. An der 22. Minutt gouf d’Euphorie dunn op Säite vum Swift allerdéngs gebremst. No engem Feeler am Strofraum konnt de McManus per Eelefmeter de Score egaliséieren. Mat engem 1:1 sollt et dunn och op den Téi goen.

Nom Téi ass Hesper méi bësseg opgetrueden. Dëse couragéierten Optrëtt gouf an der 62. Minutt duerch e Gol vum Alioui belount. An der 66. Minutt huet de Swift dunn direkt den drëtte Gol nogeluecht. Dës Kéier war et de Simao, deen domadder scho fir eng kléng Virentscheedung gesuergt huet. Per Eelefmeter konnt de Mcmanus an der 71. zwar nach eng Kéier den Uschlossgol markéieren, mä um Enn sollt de Swift d’Resultat iwwert d’Zäit geschaukelt kréien.

Conference League Hesper vs New Saints / Reportage Gilles Tricca

Back to Top
CIM LOGO