Laver Cup am TennisHistoresch Victoire fir d'"Team Welt"

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Welt-Selektioun ass et déi alleréischt Victoire iwwerhaapt beim Laver Cup, deen et zanter 2017 gëtt.
© AFP

De Felix Auger-Aliassime an de Frances Tiafoe woussten e Sonndeg ze iwwerzeegen. De Kanadier Aliassime huet zesumme mam Jack Sock den Dubbel gewonnen am Eenzel huet hie sech géint den Novak Djokovic duerchgesat. Am leschte Match huet den Tiafoe géint de Stefanos Tsitsipas véier Matchbäll ofgewiert a schlussendlech de Match gewonnen a séchert dem “Team Welt” domat d’Victoire géint d’Selektioun aus Europa.

Back to Top
CIM LOGO