
Mat engem 2:0 huet d’Oranje-Ekipp zu Syndney gewonnen an trëfft e Freideg am neiséilännesche Wellington op Spuenien.
Déi fréier Wolfsburgerin Roord hat den éischte Gol no engem Corner geschoss. Fir d’ManCity-Spillerin war dat schonn de véierte Gol bei der WM. D’Ex-Bayern-Stiermerin Lineth Beerensteyn huet no engem Feeler vun der südafrikanescher Golkipp Kaylin Swart op 2:0 erhéicht.
D’Ofwier vun de “Banyana Banyana” war net optimal, nodeems fir d’éischt d’Jermaine Seoposenwe an dunn och nach d’Bambanani Mbane wéinst Verletzungen hu misse vum Terrain.
Och no der Hallschent hunn d’Südafrikanerinnen net richteg an de Match fonnt. Oranje hat deemno méi Ballbesëtz, hat méi d’Kontroll vum Match, war awer weider keng Gefor méi fir d’Géignerinnen. Géint Spuenien muss Holland dann nees méi Gas ginn, muss am Mëttelfeld awer op eng staark Matspillerin verzichten. D’Danielle van de Donk krut an der Aachtelsfinall hir zweet giel Kaart an ass domat an der Ronn vun de leschten Aacht gespaart.
An der zweeter Véierelsfinall tëscht den USA a Schweden gouf de Gewënner eréischt am Eelefmeterschéissen ermëttelt, wou sech Schweden mat 5:4 duerchsetze konnt. Domat ass de Gewënner vun de leschten zwou Weltmeeschterschaften ausgescheet a muss den Dram vum Titel-Triple begruewen.
Obwuel béid Ekippe sech an der regulärer Spillzäit eng Rei Golchancen erausgespillt haten, sollt de Ball net de Wee an de Filet fannen. Och an der Verlängerung huet keng Ekipp de Ball am géigneresche Gol ënnerbruecht, soudass et an dat éischt Eelefmeterschéisse bei dëser Weltmeeschterschaft goung.
D’Amerikanerinne sinn ëmmer fir d’éischt ugetrueden an d’Schweedinnen hu mussen noleeën. Bis zum Stand vun 3:2 fir d’USA haten all d’Spillerinne hire Schoss am Gol ënnerbruecht. Duerno hunn zwou Schweedinnen an zwou Amerikanerinnen, dorënner och d’Megan Rapinoe, net getraff, soudass Schweden zum 3:3 ausgläiche konnt.
Nodeems d’O’Hara fir Amerika nees verginn hat, huet d’Lina Hurtig, Spillerin vum FC Arsenal, den decisive Gol fir Schweden markéiert. Schweden trëfft an der Véierelsfinall op Japan.