Internationale FuttballHSV wënnt am Eelefmeter, Freiburg klappt Bochum a leschter Sekonn

RTL Lëtzebuerg
Direkt zwee Mol goung et am Kampf ëm d'Halleffinallen am DFB-Pokal an d'Verlängerung.
© Ina Fassbender / AFP

An Däitschland war et e Mëttwoch den Owend d’Suite vun de Véierelsfinallen am DFB-Pokal. Leipzig ass no enger klorer 4:0-Victoire géint Hannover aus der 2. Bundesliga souverän eng Ronn weider. Fir de Bundesligist hunn den Nkunku (17', 22'), de Laimer (67') an de Silva (73') d’Goler geschoss.

An den Halleffinalle steet och den HSV. Am Duell géint de Karlsruher SC huet ee sech mat 3:2 am Eelefmeterschéissen duerchgesat. Den HSV hat sech duerch e Gol vum Glatzel (90+1') Sekonne viru Schluss an d’Verlängerung gerett. Well kenger Ekipp duerno e weidere Gol gegléckt ass, ass d’Decisioun vum Punkt gefall.

Mat engem 1:1-Gläichstand ass et no de Goler vum Petersen (51') a Polter (64') fir Bochum a Freiburg an d’Verlängerung gaangen. Et huet ganz no engem Eelefmeter ausgesinn, ma kuerz viru Schluss huet de Sallai (120') den SC Freiburg an d’Halleffinall geschoss.

En Dënschdeg den Owend hat sech schonn Union Berlin géint St. Pauli den Ticket fir d’Halleffinalle geséchert.

An England war et dann d’Suite vun den Aachtelsfinalle vum FA Cup. Chelsea (Premier League) huet sech mat 3:2 géint Luton Town (2. Liga) duerchgesat. Den entscheedende Gol huet de Lukaku an der 78. Minutt geschoss.

Den zweete Match huet Liverpool géint Norwich fir sech entscheet. Mat zwee Goler vum Minamino (27', 39') ass d’Lokalekipp mat enger 2:0-Féierung an d’Paus gaangen. Zwar konnt de Rupp (76') op 2:1 verkierzen, ma et sollt schlussendlech net duergoen, fir géint d’Lokalekipp ze gewannen.

E Mëttwoch den Owend ass an der Coupe de France a Frankräich de Géigner vun Nice an der Finall gesicht ginn. Géintiwwer stounge sech Nantes a Monaco. Nom Eelefmeterschéisse stoung et 3:2 (n.E.) fir Nantes.

An der Coppa Italia war et och déi zweet Halleffinall. Florenz-Juventus Turin hu sech duerch en ongléckleche Selbstgol vum Venuti (90+1') mat engem 0:1 vum Terrain getrennt. En Dënschdeg haten den AC Mailand an Inter Mailand 0:0 gespillt. An de Retourmatcher wäerte sech eréischt d’Finalisten decidéieren.

Back to Top
CIM LOGO