Lëtzebuerger Futtballer am AuslandHuddersfield Town mam Sinani wënnt doheem, 0:0 fir Moris an der Belsch

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg waren zwee Lëtzebuerger am Asaz. An England stoung den Danel Sinani um Terrain an an der Belsch war et den Anthony Moris.

Am Championship an England war et d’Victoire fir Huddersfield Town géint Blackpool FC. D’Ekipp vum Danel Sinani, deen déi 90 Minutte gespillt huet, huet duerch zwee spéit Goler vum Thomas gewonnen. Schonn no 3 Minutte stoung et 1:1, no Goler vum Yates (Blackpool, 1') a Ward (Huddersfield, 3'). De Madine hat d’Gäscht dunn an der 18. Minutt a Féierung bruecht, éier den Thomas an der 80. an an der 84. markéiert huet. Aktuell steet Huddersfield op der 6. Plaz. Dat wier déi lescht mat där si sech fir d’Playoffs kéinte qualifizéieren.

An der Belsch huet den Anthony Moris säi Gol propper gehalen an huet kee Géigegol kasséiert. Ma och seng Ekipp huet géint Gent net getraff, esou datt et bei engem 0:0 bliwwen ass. An der Tabelle steet d’Royale Union Saint-Gilloise weider un der Spëtzt, mat 7 Punkten Avance op Bruges. Gent ass aktuell de 5. mat engem Retard vun 13 Punkten.

Back to Top
CIM LOGO