
Um Sonndeg de Mëtteg war et am nationale Futtball d’Suite vum 20. Spilldag. Nidderkuer huet mat Wolz een direkte Konkurrent an der Course ëm déi véierte Plaz geklappt. Déifferdeng huet sech keen Ausrutscher zu Rodange geleescht, tëscht Hueschtert an der Jeunesse gouf et ee Remis a Stroossen huet auswaërts Munneref keng Chance gelooss.
E Samschdeg hunn ënnert anerem den F91 an d’Fola gewonnen.
De Liveticker vun all de Matcher fir nozeliesen.
Nom Säitewiessel war Hueschtert weider déi iwwerleeën Ekipp an huet sech an der 59. Minutt duerch eng flott Eenzelaktioun vum Trani belount. Nodeems den Einsiedler an der 68. Minutt mat Rout vum Terrain geflunn ass, ass et fir d’Jeunesse net méi einfach ginn. Nodeems alles esou ausgesinn huet, wéi wann Hueschtert de Match kéint iwwert d’Ronne bréngen, huet de Koljenovic de Ball no engem Fräistouss an den eegene Filet gekäppt an d’Jeunesse esou zeréck an de Match bruecht. D’Gäscht hunn an de leschte Minutten nach op d’Victoire gespillt, et sollt an dësem Match awer kee Gol méi falen, sou dass béid Formatioune sech mat engem Punkt mussen zefridde ginn.
Progrès Nidderkuer - FC Wooltz 2:0
1:0 Habbas (17'), 2:0 Habbas (77')
De Ralph Schon war an der 1. Hallschent ouni Zweiwel de beschte Wooltzer, wat gläichbedeitend heescht, dass Nidderkuer eng richteg gutt éischt Hallschent gewisen huet. De Golkipp vun de Gäscht huet déi eng oder aner Kéier in extremis fir seng Ekipp konnte retten. An der Offensiv haten de Phillips an den Ibrahimovic Chancen, konnten déi awer net notzen. Aneschters huet op der Säit vun Nidderkuer ausgesinn. No Viraarbecht vum Klapp stoung den Habbas an der 17. Minutt goldrichteg an huet seng Faarwe mat 1:0 an d’Paus geschoss.
Nom Téi hu béid Formatiounen e bësse gebraucht, bis si bei ongemittleche Wiederkonditiounen nees op Temperatur komm sinn. An der Suite huet sech awer e flotte Match tëscht béiden Ekippen entwéckelt, bei deenen de Progrès méi wéi eng Chance hat, de Score op 2:0 ze setzen. Ronn 10 Minutte viru Schluss war et dunn esou wäit. Den Habbas mat sengem zweete perséinlechem Gol per Eelefmeter huet de Match virentscheet. Bei Wolz huet de leschte Bëss gefeelt, sou dass dës Victoire fir de Progrès verdéngt ass. Domadder huet Nidderkuer an der Course ëm déi véiert Plaz an der Tabell een direkte Konkurrent geklappt.
US Munneref - Una Stroossen 1:4
1:0 Fehlen (9'), 1:1 Hayasaka (40'), 1:2 Runser (44'), 1:3 Schmit (65'), 1:4 Bernardelli (90+2')

