BGL LigueHesper léisst Punkte leien, F91 a Fola wannen

RTL Lëtzebuerg
Diddeleng klappt Rouspert mat 4:0, genee wéi d’Fola Péiteng an den RM Hamm séchert sech een iwwerraschende Punkt beim 1:1 géint Hesper.

Am Lëtzebuerger Futtball war et um Samschdeg den Optakt vum 20. Spilldag.

Hei hat Diddeleng zu Rouspert keng Problemer a séchert sech eng 4:0-Victoire. De Leader vun der Escher Fola konnt sech iwwerdeems och kloer mat 4:0 géint Titus Péiteng feieren. Hesper huet dogéint beim 1:1 Punkte géint den RM Hamm Benfica leie gelooss an d’Etzella huet mat 0:2 géint de Racing verluer.

De Liveticker vun all de Matcher fir nozeliesen.

D’Resuméë vun de Matcher

Fola Esch - Titus Péiteng 4:0
1:0 Hadji (15', Eelefmeter), 2:0 Sinani (62', Eelefmeter), 3:0 Hadji (69'), 4:0 Sinani (89')

Am nationale Futtball bleift déi Escher Fola weider déi dominant Formatioun. Géint Titus Péiteng, déi den Erwaardungen an dëser Saison iwwer wäit Strecken hannendru lafen, gouf et um Enn eng 4:0-Victoire. Nodeems déi éischten zwou Golchancë vun der Partie nach op de Kont vun de Gäscht goungen, war et an der 14. Minutt den Offiziellen, den Här Civovic, deen am Mëttelpunkt stoung. No engem Feeler vum Ottelé géint den Hadji am Strofraum gouf et hei Eelefmeter. Dëse konnt den Hadji am Filet ënnerbréngen an Esch soumat mat der éischter Chance a Féierung bréngen. Bis um Enn vun der éischter Hallschent war Péiteng beméit, ma et huet awer un der néideger Prezisioun am Ofschloss gefeelt.

Nom Säitewiessel huet et bis déi 59. Minutt gedauert, éier et op en Neits een Eelefmeter gouf. Dës Kéier war et den Hauguel, deen den Hadji am Strofraum zu Fall bruecht hat. Dës Kéier ass de Sinani ugetrueden, den Ottelé war nach mat de Fangerspëtzen um Ball, ma de Golkipp vu Péiteng konnt dat ronnt Lieder awer net entscheedend deviéieren. An der 64. Minutt haten d’Gäscht dann déi beschte Chance op ee Gol, ma dem El Hamzaoui säi Schoss goung um Enn just op de Potto. Nodeems den Hadji an der 69. Minutt säin 2. perséinleche Gol vum Owend markéiere konnt ass dëst och dem Sinani kuerz viru Schluss gelongen. Domadder gouf et ënnert dem Stréch eng batter 0:4-Defaite fir Péiteng géint de Leader vun Esch.

Rouspert - Diddeleng 0:4
0:1 Kirch (6'), 0:2 Nader (69'), 0:3 Bettaieb (82'), 0:4 Nader (90)

No enger Gedenkminutt fir de laangjärege Co-Trainer vu Rouspert, Denis Pfeiffer, waren et d’Gäscht aus Diddeleng, déi besser an de Match koumen. No enger Virlag vum Cabral an der 6. Spillminutt konnt de Kirch de Ball mat engem placéierte Schoss am Filet ënnerbréngen an d’Gäscht sou fréi a Féierung bréngen. Et huet duerno bis déi 27. Minutt gedauert, ier Rouspert eng éischte Kéier geféierlech an der Offensiv gouf, dëst duerch ee Schoss vum Brandenburger, deen awer deviéiert gouf. Allgemeng war Diddeleng an den éischte 45 Minutten awer déi bestëmmend Formatioun, déi soumat och verdéngt mat enger 1:0-Avance op den Téi goe konnt.

Nodeems Rouspert an den éischte Minutten no der Paus gutt am Match war, konnt Diddeleng no gutt enger Stonn den Tempo erëm unzéien. An der 69. Minutt konnt den Nader de Ball aus kuerzer Distanz an de Filet setzen. Fir eng Virentscheedung konnt de Bettaieb an der 82. Minutt suergen, éiert den Nader an der 90. Minutt mat sengem zweete perséinleche Gol vum Match fir de Schlusspunkt gesuergt huet. Um Enn steet eng kloer 4:0-Victoire fir Diddeleng, déi domadder weider mat uewen an der Tabell bleiwen.

© Eugène Thommes

Hesper - RM Hamm Benfica 1:1
1:0 Abdallah (5', Eelefmeter), 1:1 Correia (40')

Beim Match tëscht Hesper an dem RM Hamm Benfica goung d’Lokalekipp um Pabeier als Favorit an de Match. Et huet och net laang gedauert, ier d’Lokalekipp a Féierung goe konnt. No nëmme 4 Minutten hat den Här Torres op de Punkt gewisen, dëst no engem Feeler vum Neves um Stolz. Dës Geleeënheet hat sech den Abdallah net huele gelooss a sou konnt hien Hesper a Féierung bréngen. Hamm konnt sech awer erëm an de Match kämpfen a wollt sech net esou einfach geschloe ginn. Nach virun der Paus konnt de Correia an der 40. Minutt ausgläichen, dëst duerch ee stramme Schoss aus ronn 25 Meter.
Nom Säitewiessel war Hesper wuel déi dominant Formatioun, ma virun allem am Ofschloss huet et un der néideger Prezisioun gefeelt, a sou sollt et bis zum Enn beim 1:1-Remis bleiwen.

© Bob Leven

Etzella Ettelbréck - Racing 0:2
0:1 Bouché (89'), 0:2 Dembélé (90'+2)

© Kevin Estebanez

D’Tabell vun der BGL Ligue

Back to Top
CIM LOGO