
E Sonndeg war am nationale Futtballchampionnat d’Suite vum 15. Spilldag. Um Samschdeg goufe schonn déi éischt véier Partië gespillt.
Rouspert a Munneref hu sech mat engem 1:1 d’Punkte gedeelt. Trotz de Goler vum Soladio a Morabit huet sech de Match virun allem am Mëttelfeld ofgespillt an huet vu villen Zweekämpf gelieft. An der Schlussphas hu béid Ekippen nach ee Mol op d’Victoire gedréckt, um Enn sollt et awer beim Remis bleiwen.
Fir Hesper gouf et doheem eng 0:2-Defaite géint Hueschtert. An enger engagéierter an ausgeglachener éischter Hallschent hu bei béiden Ekippen nëmmen d’Goler gefeelt. Dës sinn nom Säitewiessel den Hueschterter gelongen. Duerch d’Goler vum Trani a Steinmetz wanne si um Enn mat 1:0.
Zu Déifferdeng konnt sech d’Lokalekipp mat 4:0 géint d’Etzella duerchsetzen. Duerch e Gol vum Buch stoung et an der Paus verdéngt 1:0 an och am zweeten Duerchgang war Déifferdeng déi spillbestëmmend Ekipp. No zwee weidere Goler vum Cabral an engem vum Marinus steet um Enn eng kloer Victoire géint d’Ekipp vun Ettelbréck.
Fir d’Jeunesse gouf et dann nach eng 4:1-Victoire zu Rodange. Déi Escher waren am éischten Duerchgang déi besser Ekipp a louchen sou och duerch e Gol vum Diomande no 45 Minutten a Féierung. Tëschenzäitlech konnten déi Rodanger zwar verkierzen, um Enn huet sech d’Jeunesse awer déi verdéngt dräi Punkte geséchert, déi virun allem duerch déi dräi Goler vum Diomande zestane komm ass.