Champions-League-AuslousungHummer-Grupp mat ManCity a PSG a schwéier Gruppe fir déi 3 Lëtzebuerger

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend war zu Istanbul den Tirage vun der Gruppephas an der Champions League am Futtball.
© AFP

32 Ekippe kämpfen och dës Saison ëm den Titel an der Kinneksklass. En Donneschdeg goufen déi 32 Ekippen dunn an 8 Gruppen agedeelt. An hei sinn nawell e puer spannend Dueller dobäi. Och mat dobäi sinn 3 Lëtzebuerger Nationalspiller. D’Young Boys Bern mam Christopher Martins kréien et an hirer Grupp mat Villareal, Manchester United an Atalanta Bergamo ze dinn. Sheriff Tiraspol mam Sébastien Thill muss géint Inter Mailand, Real Madrid an Donetsk untrieden an Dinamo Kiew mam Gerson Rodrigues kritt et mat Bayern, Barcelona a Benfica ze dinn.

Grupp A

Manchester City
Paris St. Germain
RB Leipzig
Club Bruges

Grupp B

Atlético Madrid
FC Liverpool
FC Porto
AC Mailand

Grupp C

Sporting Lissabon
Borussia Dortmund
Ajax Amsterdam
Besiktas Istanbul

Grupp D

Inter Mailand
Real Madrid
Shakhtar Donetsk
Sheriff Tiraspol

Grupp E

FC Bayern München
FC Barcelona
Benfica Lissabon
Dinamo Kiew

Grupp F

FC Villareal
Manchester United
Atalanta Bergamo
Young Boys Bern

Grupp G

LOSC Lille
FC Sevilla
RB Salzburg
VfL Wolfsburg

Grupp H

FC Chelsea
Juventus Turin
Zenit St. Petersburg
Malmö FF

Déi éischt Matcher aus der Gruppephas sinn de 14. a 15. September. D’Finall ass fir den 28. Mee 2022 zu St. Petersburg geplangt. Och dës Saison ass RTL nees live fir Iech mat dobäi.

Back to Top
CIM LOGO