
Wéi “L’Équipe” mellt, gouf den 32 Joer ale senegalesesche Futtballnationalspiller schrëftlech opgefuerdert, d’Situatioun ze “clarifiéieren”.
Wärend dem 37. respektiv 38. Spilldag vun der Ligue 1 a Ligue 2 gouf vun der franséischer Liga eng Aktioun mam Numm “Homo oder Hetero, mir droen all den nämmlechte Maillot” organiséiert, bei där d’Trikot-Nummere vun de Spiller an de Reeboufaarwen ofgebillt goufen. Dës Faarwe gëllen als Symbol fir d’LGBT-Communautéit. Beim Auswäertsmatch vu PSG géint Montpellier huet den Idrissa Gueye net gespillt. Säin Trainer, de Mauricio Pochettino, huet preziséiert, dass hien net blesséiert war. Scho lescht Joer huet de Gueye fir déi nämmlecht Aktioun gefeelt, deemools allerdéngs opgrond vun enger angeblecher Mogripp.
Vun der FFF hirem Ethik-Conseil (CNE) gouf dem Gueye seng Absence zu Montpellier als “Refus” interpretéiert, fir “un enger Sensibiliséierungscampagne deelzehuelen a géint Diskriminéierung ze kämpfen”. D’CNE verlaangt elo vum Idrissa Gueye eng Stellungnam, andeems hien entweder kloerstellt, dass d’Virwërf onbegrënnt sinn, oder sech agesteet, ee schwéiere Feeler gemaach ze hunn. Och krut hien nogeluecht, seng Äntwert mat enger Foto ze accompagnéieren, an där hien den Trikot vun der Aktioun unhuet.
Aus dem Gueye sengem Ëmfeld heescht et, hie wäert sech deemnächst zu de Virwërf äusseren. De senegalesesche President Macky Sall huet dem Spiller en Dënschdeg seng Ënnerstëtzung zougeséchert.