TennisIga Swiatek ass déi nei Nummer 1 an der Weltranglëscht

RTL Lëtzebuerg
Bei den Damme gëtt et an der Tennis-Weltranglëscht eng nei Nummer 1 an zwar déi 20 Joer jonk Polin Iga Swiatek.
© AFP

D’Swiatek ass déi 28. Spillerin, déi sech un d’Spëtzt vun der Weltranglëscht setze kann, an awer och déi éischt Spiller aus Polen, där dëse Coupe geléngt.

Wuel huet d’Spillerin vu Warschau et dem Récktrëtt vum Ashleigh Barty ze verdanken, datt si sech elo Nummer 1 nenne kann, ma nawell ass ee sech an der Tenniswelt eens, datt déi jonk Polin et verdéngt huet. Si huet an der Lescht hir Formstäerkt ënner Beweis gestallt an och um Sonndeg d’Miami Open gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO