Neie SportlycéeInfrastruktur zu Mamer fréistens 2031 fäerdeg

Franky Hippert
Den neie Sportlycée soll jo definitiv op Mamer kommen. Dat sot eis jo den Educatiounsminister.

Wat verschidde Froen uginn, wéi zum Beispill, wéini d’Schüler dann am neie Gebai an der Schoulbänk Plaz kënnen huelen, hat de Claude Meisch de Ball awer weider un de Bauteministère gespillt.

Am Moment ass een am Gaangen, um Dossier vum Avant-Projet sommaire ze schaffen, heescht et aus dem Ministere vum Bauteminister François Bausch. Aktuell, wann d’Autorisatioune bis virleien, kéinten d’Aarbechte viraussiichtlech Enn 2026-Ufank 2027 lassgoen a géifen ongeféier bis 2031 daueren. Dat heescht, dat wär fréistens an 9 Joer. De Projet ass nach net wäit genuch ausgeschafft, fir virun de Walen op den Instanzewee ze goen, krute mer weider geäntwert.

Deen neie Sportlycée zu Mamer gëtt fir 650 Schüler geplangt. Wat d’Sportinfrastrukturen zu Mamer eng Kéier uginn, ass eng grouss Sportshal fir de Basket an den Handball virgesinn, mat och engem Sall fir Konschtturnen, e Kraaft-Ausdauer-Kardio-Raum an eng Surface fir Indoor-Cycling.

An enger zweeter Sportshal kënnt de Volleyball, den Dëschtennis, esou wéi Säll fir de d’Kampfsportaarten an eng Kloterwand. Et ass eng 50-Meter-Schwämm geplangt. Am Bausseberäich soll e Multisport-Terrain fir ënnert anerem Futtball a Rugby kommen, eng Liichtathletikinfrastruktur a 3 Beachvolleyball-Terrainen.

Zu Mamer kënnt och en Internat fir 160 Schüler. Wat de Budget vun deem Ganzen ugeet, kann een am Bauteministere am Moment nach näischt soen, well een eben an der Planungsphas ass, heescht et.

Back to Top
CIM LOGO