
Hamburger SV - SC Freiburg 1:3
0:1 Petersen (11'), 0:2 Höfler (16'), 0:3 Grifo (35',p); 1:3 Glatzel (88')

Hamburg huet an den Ufankminutte vill Drock gemaach an en héije Pressing gespillt, ma den éischte Gol ass op der anerer Säit gefall. Et war no engem Corner, wéi de Ball iwwer Ëmweeër bei de Petersen koum, deen dëse mam Kapp eragemaach huet. No engem kuerzen VAR-Check gouf de Gol confirméiert. E Feeler vum Heuer Fernandes am Gol vum HSV huet de Ball de Freiburger an enger gudder Positioun ginn. Konnt den éischte Schoss nach geblockt ginn, gouf den zweete Versuch vum Höfler vun engem Hamburger Defenseur ofgefälscht a gouf doduerch fir de Golkipp net méi ze halen. Eng e bësse komesch Zeen huet dann zum 3:0 gefouert. De Schlotterbeck ass gefall an ass beim Versuch, de Ball nach mam Kapp ze kréien, um Kapp getraff ginn. Nees gouf de VAR ageschalt an den Arbitter huet op Penalty entscheet. Eng Decisioun, déi de Grifo sech net huele geholl huet. Et wier net esou, datt Hamburg keng Chance bis ewell hat, ma Freiburg war mat hiren enorm effizient an Hamburg huet och hir gutt Geleeënheete leie gelooss. Gefeiert hate si no 38 Minutten, ma den Suhonen stoung, wéi hien de Ball krut, am Abseits an de VAR huet de Gol zeréckgeholl. Esou goung et mat engem confortabelen Avantage fir de Bundesligist an d’Paus.
Hamburg huet déi zweet Hallschent eppes misste maachen an si hunn och gewisen, datt si sech net opginn hunn. Ma dat zwéngend ass dobäi awer net erauskomm. Si hate méi vum Match, och Chancen, ma wann, da war de Flekken op sengem Posten. Op der anerer Säit war och Freiburg net méi esou effektiv nom Pausentéi an huet d’Chancen, hir Féierung auszebauen, leie gelooss. Den HSV war do, war aktiv an huet och eppes géint de Géigner, deen eng Divisioun méi héich spillt, gewisen, eenzeg hu si ze vill vun hire Chance leie gelooss. Eréischt an der 88. Minutt huet de Glatzel eng genial Flank konnten notzen, fir den héichverdéngten 1:3 ze schéissen. Ma de Knuet ass ze spéit geplatzt an esou wënnt Freiburg zum Schluss verdéngt géint eng Hamburger Ekipp, déi sech ni opginn huet, a steet déi éischte Kéier an der Geschicht vum Veräin an der Finall vum DFB-Pokal. E Mëttwoch wäerte si erausfannen, ob si géint Leipzig oder Union Berlin untriede mussen.
Inter Mailand - AC Mailand 3:0
1:0 Martinez (4'), 2:0 Martinez (20'), 3:0 Gosens (82')

Am Derby vun zwee groussen Nimm am italienesche Futtball an der Coupe haten déi blo-schwaarz de besseren Optakt am Retourmatch, nodeem den éischten Duell 0:0 ausgaange war. D’Defense hat dem Martinez ze vill Plaz gelooss an den Darmian hat de Bléck fir hien. E séieren 1:0 fir Inter. Richteg grouss Chancen sinn op béide Säiten dono rar gewiescht. Eng gutt hat den Calabria vum AC mat engem Distanzschoss an der 30. Minutt, ma den Handanovic war do a konnt de Schoss klären. 10 Minutte méi spéit huet de Martinez et besser gemaach an huet no enger gudder Pass vum Correa säin zweete perséinleche Gol an dësem Match geschoss. Mat deem 2:0 goung et dann och an d’Paus.
D’Fans vun de Gäscht hunn no 67 Minutte gefeiert, well de Bennacer en ofgeblockte Ball virun d’Féiss krut an direkt ofgezunn a getraff huet. Ma Unhand vum VAR gouf de Gol net ginn, esou datt si weider mat 2 Goler am Réckstand waren. Den AC hat déi zweet Hallschent däitlech méi vum Match an och vill méi Ofschlëss, eenzeg huet d’Prezisioun gefeelt. Inter war do méi präzis an de Gosens huet no 83 Minutten op 3:0 erhéicht an fir d’Virentscheedung gesuergt. Domadder gewënnt Inter dësen zweeten Duell an der Halleffinall a steet als 1. Finalist fest. E Mëttwoch entscheet sech, géint wie si musse spillen. Juventus trëfft hei op den AC Florenz. Am Allersmatch haten d’Turiner sech mat 1:0 duerchgesat.
FC Liverpool - Manchester United 4:0
1:0 Diaz (5'), 2:0 Salah (22'), 3:0 Mané (69'), 4:0 Salah

Et huet net laang gedauert, bis Liverpool an dësem Spëtzematch doheem a Féierung gaangen ass. Iwwer Konter hat de Salah de Bléck fir den Diaz, deen sech aus kuerzer Distanz et net huele gelooss huet, den 1:0 ze markéieren. Den 1:0 huet de Salah nach virgeluecht, beim 2:0 war et hien, deen eng gutt Virlag vum Mané verwäerte konnt. Manchester war net wierklech am Match an hat wéineg Chancen, dogéint awer gléck, datt de Diaz an der 35. Minutt am Abseits stoung, soss hätt et hei 3:0 gestanen. Esou ass Liverpool no enger gudder éischter Hallschent an enger 2:0-Féierung an d’Paus gaangen.
Nom Säitewiessel huet e laang gedauert, bis d’Fans nees feiere konnten. an der 68. Minutt huet de Mané op 3:0 erhéicht, no enger schéiner Virlag vum Diaz. Nach méi kloer gouf et no 85 Minutten, wéi de Jota de Bléck fir de Salah hat an deen am 1-géint-1 dem Golkipp keng Chance gelooss huet. Liverpool wënnt domadder ganz kloer géint Manchester a steet elo provisoresch emol op der 1. Plaz vun der Premier League, mat zwee Punkten Avance op Manchester City, déi awer e Mëttwoch fir den 32. Spilldag wäerten untrieden.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
FC Villarreal - FC Valencia
1:0 Danjuma (10'), 2:0 Danjuma (17')
D’Heemekipp brauch Punkten, wa si an der Liga un den Top Plazen an um internationale Geschäft wëllen drubleiwen. Dat hu si géint Valencia dann och vun Ufank u gewisen a si fréi, no 10 Minutten, duerch den Danjuma a Féierung gaangen. Nodeem de VAR ageschalt gouf, huet den Arbitter op Eelefmeter fir Villarreal decidéiert, well de Cömert de Ball mat der Hand gespillt huet. Déi Chance, wéi och eng weider 7 Minutte méi spéit, huet den Danjuma genotzt. Esou stoung et séier 2:0 fir d’Heemekipp. Dono ware richteg Golchancen éischter e Mangel. An der 45. Minutt hat den Danjuma nach d’Chance op en Hattrick, ma ass dëst d’Kéier um Cillessen hänke bliwwen. Och déi zweet Hallschent war Villarreal dominant, eenzeg hat Valencia no 69 Minutten eng gutt Chance, ma den Andre huet de Ball knapp laanscht de Gol geschoss. Esou ass et zum Schluss beim verdéngten 2:0 bliwwen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Detailer zum Match vum FC Metz bei eise Kolleege vu 5Minutes