
Och an der Bundesliga gouf um Samschdeg gespillt, hei huet sech ënnert anerem Dortmund géint Wolfsburg duerchgesat. D’Lëtzebuerger Futtballer waren iwwerdeems och am Asaz, den Iwwerbléck fannt Dir hei.
FC Arsenal - Newcastle United 2:0
1:0 Saka (56'), 2:0 Martinelli (66')
Arsenal huet sech no der Néierlag leschte Weekend géint Liverpool erëm zeréck gemellt a gewënnt iwwerleeë mat 2:0 géint Newcastle. Elleng an der 1. Hallschent hätte Gunners a Persoun vum Aubameyang a Féierung misste goen, de Stiermer huet de Ball awer net an de Filet bruecht. Saka a Martinelli hunn et dunn besser gemaach. Arsenal huet no 13 Spilldeeg 23 Punkten um Konto.
Liverpool - Southampton 4:0
1:0 Jota (2'), 2:0 Jota (32'), 3:0 Thiago (37'), 4:0 van Dijk (52')
Southampton hat op der Anfield Road géint Liverpool keng Chance a verléiert verdéngt géint de LFC. Liverpool huet duerch de Gol vum Jota fréi am Match de Grondstee fir déi 3 Punkte geluecht. Jota, Salah a Co. haten an der Offensiv ze vill Plaz, an esou gewannen si um Enn ouni gréisser Schwieregkeete 4:0 géint Southampton.
Norwich City - Wolverhampton Wanderers 0:0
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Juventus Turin - Atalanta Bergamo 0:1
0:1 Zapata (28')
Juventus Turin kennt a dëser Saison einfach net a Schwong a muss sech doheem och Atalanta Bergamo geschloe ginn. Et ass fir Atalanta déi éischte Victoire bei Juventus säit iwwer 30 Joer. Juventus hätt nom Réckstand (Zapata, 28'), wuel den Ausgläich nach kéinte schéissen, mee ënnert anerem den Dybala huet nëmmen den Aluminium getraff. Juve ass domat op der 8. Plaz an der Tabell, Bergamo festegt déi 4. Plaz.
FC Venedeg - Inter Mailand 0:2
0:1 Calhanoglu (34'), 0:2 Martinez (90+6')
Inter Mailand feiert eng verdéngte Victoire géint Venedeg an hätt nach deen een oder anere Gol méi kéinte schéissen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
OSC Lille - FC Nantes 1:1
1:0 Yilmaz (9'), 1:1 Blas (24')
OGC Nice - FC Metz 0:1
0:1 Centonze (31')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Villarreal - FC Barcelona 1:3
0:1 de Jong (48'), 1:1 Chukwueze (76'), 1:2 Depay (88'), 1:3 Coutinho (90+4')
No der Féierung vum de Jong huet Villarreal de Match konnten ausgläichen an et huet dono ausgesi wéi wann Barcelona Punkte géif leie loossen. Um Enn kenne Katalanen sech dann awer nach duerchsetzen, dat vun Goler vum Depay a Coutinho. Domat feiert d’Ekipp ënnert hirem neien Trainer Xavi am zweete Match hier 2. Victoire.