
A Spuenien wënnt Real Madrid déi éischt Halleffinall vun der Supercopa 3:2 no Verlängerung géint den FC Barcelona a steet domat an der Finall. Matchwinner war den agewiesselte Valverde, deen an der 98. Minutt den 3:2 geschoss huet.

An England steet Chelsea an der Finall vum Ligacup. 1:0 huet sech Chelsea géint Tottenham duerchgesat. Den däitschen Nationalspiller Rüdiger huet den eenzege Gol vum Match no engem Corner geschoss an dat mam Réck.
