
Dem AC Mailand ass et net gelongen, den 0:2-Réckstand aus dem éischte Match opzehuelen. Inter huet hannen net vill zougelooss, vir eng gutt Chance genotzt a sech verdéngt fir d’Finall qualifizéiert. Déi gëtt den 10. Juni zu Istanbul gespillt.
1:0 Martinez (74')
Et war eng nervös Ufanksphas an där d’Spill méi heefeg wéinst klenge Feeler ënnerbrach war. Déi éischt Chance goung op de Kont vum AC Mailand, den Hernandez huet awer de Ball iwwert de Gol geschoss. Inter stoung déif an der eegener Hallschent an huet op Kontere gelauert. An der 11. Minutt ass d’Passivitéit vum Inter bal bestrooft ginn. No enger flotter Aktioun iwwer lénks vum Tonali, stoung den Diaz an der Mëtt eleng. Säi Schoss war awer ze schwaach, soudass den Onana paréiere konnt.
D’Rossoneri hunn d’Partie weider geréiert, waren am Spill no vir awer net geféierlech genuch. Op der anerer Säit hat den Inter seng éischt Geleeënheeten duerch de Mkhitaryan. An der Suite war d’Partie méi roueg bis de Leao an der 37. Minutt de Ball ganz knapp laanscht de Gol vun Inter gesat huet. Am Géigenzuch huet de Maignan eng staark Parad géint dem Dzeko säi Kappball gewisen. Et war déi lescht Chance, éier d’Säite mat engem 0:0 gewiesselt goufen.
Genee wéi an der 1. Hallschent gouf et an den éischte Minutten no der Paus vill Ënnerbriechungen. Inter huet d’Raim donieft gutt zougestallt an den AC huet keng Léisungen dogéint fonnt. Dobäi war och de Spillopbau ze lues, soudass keng Golchancen erausgespillt goufen.
D’Nerazzurri hu clever agéiert a si mat engem Konter 1:0 a Féierung gaangen. No engem Gewulls am Strofraum huet de Lukaku op de Martinez gepasst, deen de Ball am Filet ënnerbruecht huet.
D’Loft war beim AC Mailand eraus. Inter huet d’Partie konzentréiert op en Enn bruecht a schlussendlech verdéngt mat 1:0 gewonnen.
Um Mëttwoch gëtt an der zweeter 1/2-Finall tëscht Manchester City a Real Madrid de Géigner vun Inter gesicht. Am Allersmatch gouf et en 1:1-Remis.
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.