
Den Artikel iwwer d’Matcher vun der Bundesliga fannt Dir hei.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Tottenham - Chelsea 2:0
1:0 Skipp (46'), 2:0 Kane (82')
Den Ufank vum Match goung un d’Blues, mee si konnten näischt aus hirer Iwwerleeënheet maachen. Déi bescht Chance vun der éischter Hallschent hat Tottenham duerch den Hölbjerg mat engem Schoss un de Potto. Chelsea huet direkt nom Säitwiessel den 0:1 kasséiert an duerno ass bei de Blues näischt méi gelaf. Den Harry Kane huet e puer Minutte viru Schluss fir d’Entscheedung gesuergt. Fir Chelsea war et déi zweet Néierlag hannerteneen, ausserdeem hunn d’Blues just dräi Punkten aus de leschte fënnef Matcher gesammelt. Tottenham bleift op Champions-League-Kurs.
EFL Cup: Manchester United - Newcastle 2:0
1:0 Casemiro (33'), 2:0 Botman (39', Eegegol)
Mat der Victoire an der Finall vum League Cup huet sech Manchester United deen éischten Titel säit dem Gewënn vun der Europa League am Joer 2017 geséchert. Géint Newcastle, dat och Chancen opweises hat, war ManU déi méi clever Ekipp an huet och vun engem Eegegol vun Newcastle profitéiert. Manchester war an der éischter Hallschent dominant an huet seng Chancë genotzt. Newcastle hat virun allem an den zweete 45 Minutte gutt Golchancen, konnt dës awer net notzen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Bologna - Inter Mailand 1:0
1:0 Orsolini (76')
Am Ufank vum Match war Bologna déi méi aktiv Ekipp an Inter hat Chance, net a Réckstand geroden ze sinn. Kuerz virun der Paus hat Inter seng éischt gutt Golchance. Nom Säitewiessel hu béid Ekippen no vir gespillt a vill Golchancë kreéiert, mee just Bologna sollt e Gol markéieren, an dat no engem Feeler vun der Inter-Defense. No der 2:0-Victoire vun Neapel géint Empoli um Samschdeg huet Inter elo 18 Punkte Retard op den Tabellenéischten.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Monaco - Nizza 0:3
0:1 Moffi (8'), 0:2 Moffi (26'), 0:3 Thuram (43')
Monaco konnt d’Victoire géint de PSG am leschte Match net weider notzen. D’Monegasse verléieren den Derby géint Nizza däitlech a verdéngt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Almeria - FC Barcelona 1:0
1:0 Touré (24')
Den Tabelleleader Barcelona verléiert iwwerraschend bei Ofstigskandidat Almeria a béisst domat ee Punkt op Real Madrid an, déi am Derby géint Atlético Madrid 1:1 gespillt hunn. Barcelona huet wuel d’Kontroll iwwer de Match, et war awer Almeria, dat den éischten an eenzege Gol vum Match geschoss huet. D’Katalanen hu sech am Ugrëff immens schwéier gedoen an och nom Säitewiessel keng wierklech Golchance kreéiert. Barça hat bis zum Enn d’Méiglechkeet op den Ausgläich, well Almeria seng gutt Golchancen net genotzt huet.