Internationale FuttballInter virleefeg 1. an der Tabell an der Serie A

RTL Lëtzebuerg
An Italien war e Match am Titelkampf, an Däitschland een am Ofstigskampf an a Frankräich goung et ëm dat internationaalt Geschäft.
Direkt zwee Goler huet de Martinez fir seng Faarwe konnt schéissen.
Direkt zwee Goler huet de Martinez fir seng Faarwe konnt schéissen.
© AFP

Bundesliga

VFL Bochum - Arminia Bielefeld 2:1
1:0 Polter (22'), 1:1 Nilsson (35'), 2:1 Bello (89',sg)

Bielefeld brauch 3 Punkten am Kampf ëm den Ofstig. No 22 Minutten awer ware si scho mat 0:1 hannen, wat dës Missioun méi schwéier gemaach huet. Si hu sech duerch e Gol vum Nilsson an der 35. Minutt zeréckgekämpft an esou goung et och mat engem 1:1 an d’Paus. Nom Säitewiessel ware Grousschancen éischter rar geséint. An der 69. Minutt hat Bielefeld eng gutt Chance duerch den Holtmann, ma den Ortega am Gol huet bewisen, wisou hien d’Nummer 1 zu Bielefeld ass an de Réckstand verhënnert. An der 89. Minutt gouf den Ortega du vun engem eegene Mann geschloen. De Bello huet de Ball, deen den Ortega gehalen huet, esou onglécklech widder säi Been kritt, datt de Ball am Gol gelant ass a säi Golkipp näischt méi dogéint maache konnt. Bielefeld verpasst domadder d’Chance, op d’Relegatiounsplaz ze klammen, géif awer just knapp hannendrun bleiwen, sollt Stuttgart de Weekend net gewannen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Serie A

Inter Mailand - FC Empoli 4:2
0:1 Pinamonti (5'), 0:2 Asllani (28'), 1:2 Romagnoli (40',sg), 2:2 Martinez (45'), 3:2 Martinez (64'), 4:2 Sanschez (90'+4)

Et war Spannung an dësem Match ran, dat och, well Empoli schonn no 28 Minutten 2:0 am Avantage war. E Selbstgol vum Romagnoli huet Inter dunn nees an der 40. Minutt erubruecht an de Martinez huet nach virun der Paus den Ausgläich markéiert. Inter war souwisou déi besser Ekipp an der 1. Hallschent an huet an der zweeter den Drock och héichgehalen an de Martinez huet mat sengem zweete perséinleche Gol an dësem Match d’Ekipp aus Mailand a Féierung bruecht an de Sanchez huet an der Nopillzäit de Sak zougemaach. Inter huet an der Tabell elo 1 Punkt Virsprong op de Lokalrival, ma den AC huet awer och ee Match manner, esou datt et nach ganz interessant lescht Spilldeeg an Italien ginn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

OSC Lille - AS Monaco 1:2
0:1 Tchouameni (42'), 1:1 Gomes (69'), 1:2 Tchouameni (75')

Lille hat an der éischter Hallschent méi Golschëss an awer konnt Monaco duerch den Tchouameni an der 42. Minutt a Féierung goen. An der zweeter Hallschent konnt de Gomes vu Lille eng vun de ville Chance vun der Heemekipp notzen an den Ausgläich markéieren, ma scho 6 Minutte méi spéit, an der 75. Minutt, huet nees den Tchouameni d’Gäscht a Féierung bruecht. Monaco hëlt domadder wichteg 3 Punkten an der Lutte mat Marseille ëm déi 2. Plaz an der Tabelle, Lille huet trotz Néierlag weder eppes mam Ofstig nach mat den internationale Plazen ze dinn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO