FuttballInteressant a wichteg Woch, wat europäesche Kalenner ugeet

Franky Hippert
E Mëttwoch an en Donneschdeg sinn zwee interessant a wichteg Deeg am europäesche Futtball

Do deelt d’UEFA, déi europäesch Futtball-Unioun nämlech mat, wéi de Kalenner fir déi nächst Méint soll ausgesinn

De 27. Mee sollt d’Finall vun der Europa League zu Gdansk a Polen sinn, 3 Deeg drop, wär et un der Champions League zu Istanbul gewiescht. Viru 15 Joer hat den FC Liverpool jo an der tierkescher Metropol eng verréckte Final, no engem 0-3 Réckstand an der Paus, nach am 11 Meter-Schéisse géint den AC Mailand gewonnen. Wär de Coronavirus net, wären mir elo mattendran an der Europameeschterschaft, déi des Kéier an 12 europäesche Länner gewiescht wär. E Freideg wär den Ouverturesmatch zu Roum tëscht der Tierkei an Italien gewiescht. Et sollt awer eben alles anescht kommen. D’EM ass op 2021 verluecht ginn.

Wat d’Champions League betrëfft, geet een mëttlerweil dovun aus, datt d’Saison zu Lissabon fäerdeg gespillt wäert ginn. Ufank August d’Retourmatcher vun den 1/8.els Finallen an duerno an Turnéierform mat K.O.-Matcher. Istanbul huet awer och nach ëmmer d’Hoffnung, datt d’Finall Enn August an der Tierkei gespillt kéint ginn.

D’Europa League kéint an 4 Stied an Däitschland goen, Köln, Düsseldorf, Gelsenkirchen an Duisburg.

Wat d’Rendezvousen vun de Nationalequipe am Hierscht uginn, kéint et sinn, datt näischt géif geännert ginn, dozou den FLF-President Paul Philipp:

Déi Datumer September, Oktober, November, déi stinn am Moment nach. Bei déi 3x2 Datumer fir d’Nations League kommen och nach zwee Frëndschaftsmatcher dobäi.

Wann de Coronavirus net wär, dann hätten d’Rout Léiwe lo am Juni och op d’mannst 2 Lännermatcher gespillt. Eisen Informatiounen no hätt d’FLF-Formatioun d’Méiglechkeet gehat, géint Schottland an Irland ze spillen.
Wat d’UEFA ugeet, deelt déi och an der Woch mat, wéi et kalennerméisseg am europäeschen Dammefuttball weidergeet.

Back to Top
CIM LOGO