
An der Coupe de Luxembourg sinn an den 1/32-Finallen nach zwee Veräiner aus der 3. Divisioun vertrueden. Si krute bei der Auslousung jeeweils ee Veräin aus der héchster Liga. Ëlwen kritt et mat Déifferdeng ze dinn a Pärel kritt Besuch vum Rekordchampion Jeunesse.
Den Titelverdeedeger Racing kritt et mat Baastenduerf aus der éischter Divisioun ze dinn.
Bei den Damme goufen d’Aachtelsfinallen ausgeloust. Den 3. Dezember kënnt et zu zwee Dueller tëscht Veräiner aus der héchster Divisioun. Wëntger spillt géint Mamer an Ell géint Jonglënster.