Kritik vum FLF-PresidentInternationale Kalenner ass iwwerlaascht, esou de Paul Philipp

RTL Lëtzebuerg
Dës Woch ginn am Futtball d'Halleffinallen an d'Finall vun der Nations League gespillt. Do dernieft awer och nach d'Qualifikatiounsmatcher fir d'WM.

Den internationale Kalenner ass méi wéi gefëllt. Elo héiert een awer och ëmmer nees Stëmmen, déi der Meenung sinn, datt d’Weltmeeschterschaft an Zukunft all 2 an net wéi bis elo all 4 Joer organiséiert soll ginn. Fir den FLF-President Paul Philipp ass dat alles dees Gudden ze vill. Et géif de Moment ee kompletten “Overkill” ginn, wou d’Futtball-Supporteren dacks den Iwwerbléck verléieren.

De Paul Philipp

Et kéint een eng Ëmfro maachen, wien déi éischten Nations League gewonnen huet? Do géifen der net vill soen, datt dat Portugal géint Holland an der Finall war. Portugal huet 1:0 gewonnen. Dës Nations League lieft ganz kloer vun deene 4, déi et an d’Halleffinalle gepackt hunn: De Weltmeeschter, den Europameeschter, d’Nummer 1 am FIFA Ranking plus d’Spuenier. Et ass ganz kloer een iwwerlaaschte Kalenner. Wann een da bedenkt, datt Leit, déi ee bis elo als räsonabel ageschat huet, elo nach eng Weltmeeschterschaft all 2 Joer wëllen aféieren, fir datt ëmmer méi Suen erakommen, da kann een nëmmen de Kapp rëselen.

Back to Top
CIM LOGO