
Am Grupp 3 vun der Liga A ass et tëscht Ungarn an Italien ëm d’Gruppevictoire gaangen an domadder ëm d’Qualifikatioun fir d’Playoffs. Italien qualifizéiert sech fir de Final Four.
Donieft war et hei och nach d’Partie tëscht England an Däitschland. Do ass et ëm näischt méi gaangen, well d’Englänner scho virdrun als Ofsteiger feststoungen. Trotzdeem koum et zu enger spannender Partie am Wembley Stadion mat um Enn engem Remis.
Grupp 3:
England-Däitschland 3:3
0:1 Gündogan (53'), 0:2 Havertz (67'), 1:2 Shaw (71'), 2:2 Mount (76'), 3:2 Kane (83'), 3:3 Havertz (87')
Ungarn-Italien 0:2
0:1 Raspadori (27'), 0:2 Dimarco (52')