Rekord am FraefuttballIwwer 85.000 Fans hunn Tickete fir de Clásico bei de Frae kaf

RTL Lëtzebuerg
Wann den FC Barcelona op Real Madrid trëfft, ass de Stadion ëmmer voll. Ma dëst d'Kéier huet och de Clásico bei de Frae 85.000 Spectateuren ugezunn.
D'Alexia Putellas vum FC Barcelona gouf eréischt e Méindeg bei den
D’Alexia Putellas vum FC Barcelona gouf eréischt e Méindeg bei den
© Abbie Parr / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Esou vill Tickete goufe bis ewell nach ni fir e Fraefuttballsmatch op Veräinsniveau verkaf. 85.000 Fans wäerte beim Match tëscht den Damme vum FC Barcelona an den Damme vu Real Madrid am Camp Nou dobäi sinn.

Bis ewell läit de Rekord och bei den Damme vum FC Barcelona. 2019 hate si géint Atlético Madrid am Camp Nou gespillt, dat virun 60.739 Zuschauer. Den Interessi um Fraefuttball schéngt lues a lues ze wuessen.

Back to Top
CIM LOGO